Esou feiert d'Welt Silvester!

© Shutterstock / Romolo Tavani
Joer fir Joer feiere mir um Mëtternuecht an déi nächst 12 Méint eran. Ma wou op der Welt starte se eigentlech fir d'éischt an d'Joer 2024?
Den 31. Dezember kënnt 2023 op en Enn. Et ass eng besonnesch Zäit, well mer eis Virsätz fir dat neit Joer huelen, en neien Ufank feieren an eis un dat vergaangent erënneren.
An dësem Joer blécke mer op Méint zréck, an deene Corona nach ëmmer en Thema war, gedenken all den Affer, déi am Noostkonflikt an an der Ukrain ëm d'Liewe komm sinn a feieren, dass Lëtzebuerg no 30 Joer nees beim Eurovision Song Contest dobäi ass.
Ma wisou nenne mer dësen Dag iwwerhaapt Silvester?
De Silvester, deen op Silvester gestuerwen ass
Silvester huet säin Numm engem Hellegen ze verdanken. Den 31. Dezember ass fir d'Katholicken nämlech den Namens- a Gedenkdag vum Poopst Silvester I, Bëschof vu Roum, deen op dësem Dag am Joer 335 gestuerwen ass.
Enger Legend no soll de Poopst vun de Chrëschte verfollegt gi sinn, ënnert anerem och vum Keeser Konstantin. Dësen ass allerdéngs u Lepra erkrankt a gouf vum Silvester, mat der Hëllef vu Gott, geheelt. Doropshin huet de Konstantin sech zum Chrëschtentum bekannt an d'Chrëschte waren nees Wëllkomm.
Hautdesdaags gëllt de Silvester als Schutzpatroun vun den Hausdéieren a steet fir e gutt, neit Joer.
Wisou fält Silvester op den 31. Dezember?
Op deen éischte Bléck schéngt et logesch: Den 31. Dezember hält e Joer op an den 1. Januar fänkt dat nächst nees un. Dësen Datum ass allerdéngs net iwwerall op der Welt deen nämmlechten.
China feiert Neijoerschdag um Dag vum Neiliicht tëscht dem 21. Januar an dem 21. Februar.
Bei eis huet sech den 1. Januar eréischt am Mëttelalter als Neijoerschdag duerchgesat, wéi de gregorianesche Kalenner am Joer 1582 agefouert gouf.
Silvesterhopping: Silvester an engem Joer e puer mol feieren!
Mam néidege Budget ass et méiglech: Wien an der Zäit zeréck flitt, dee kann direkt zweemol prosten! 26 Stonnen huet een Zäit bis alleguer d'Länner an dat neit Joer gerutscht sinn.
2018 konnt ee fir knapp 200.000 Euro e private Vol vu Sydney op Los Angeles buchen. Doduerch, dass de Fluch ronn 12 Stonnen dauert an den Zäitënnerscheed aus 19 Stonne besteet, konnte sech d'Passagéier d'Freedefeier op béide Kontinenter ukucken.
Iwwregens: Schonn um 11 Auer eiser Zäit (den 31. Dezember) gëtt op Samoa an dat neit Joer eragefeiert an ass domat déi éischt Regioun op der Welt. D'Baker- an d'Howlandinselen, déi zu den USA gehéieren, sinn déi Lescht, déi den 1. Januar um 13 Auer eiser Zäit (den 1. Januar) an dat neit Joer starten. Dobäi leien déi zwou Insele just ronn 1.600 Kilometer auserneen.

© Google Maps
"Gudde Rutsch" - Kéint aus dem Jiddesche kommen
Ob et dobausse glat ass oder net, et wënscht ee sech op Silvester e gudde Rutsch. Domat, dass ee sech um Glatäis op de Buedem leet, huet dat näischt ze dinn.
D'Spréchwuert kéint aus dem Jiddeschen, der Sprooch vun den osteuropäesche Judde, kommen. Bei hinnen heescht Neijoerschdag nämlech "Rosch ha-Schana". "Rosch" heescht "Kapp" an "ha-Schana" iwwersetzt sech mat "Joer".
De jiddesche Grouss "Gut Rosch" bedeit deemno näischt anescht wéi "gudden Ufank" oder "gudde Start". Leit, déi d'Sprooch net verstinn, hunn aus dem "Rotsch" schliisslech einfach e "Rutsch" gemaach.
Vun Estland bis a Japan: Esou gëtt Silvester ronderëm d'Welt gefeiert
Traditionell feiere mir Silvester mat Freedefeier, Glécksbrénger, Bläigéissen, engem Glas Schampes oder kucken "Dinner for One". Ma wéi ënnerscheede sech d'Traditiounen am Recht vun der Welt?
An Estland ass et üblech, e Glas Waasser op d'Strooss ze schëdden. De Geste soll all d'Tréine symboliséieren, déi een am nächst Joer net méi vergéisse muss.
D'Spuenier iessen um Mëtternuecht 12 Drauwen a wënsche sech eppes dobäi. Mä opgepasst: Wien se net all ësst, deen huet am neie Joer Ongléck.
Dozou kënnt net nëmmen a Spuenien, ma och an Italien an a Frankräich de Glawen, dass rout Ënnerwäsch Gléck am Libesliewe bréngt. Allerdéngs muss d'Fra, déi se undeet, se vun engem Mann geschenkt kréien an däerf se just op Silvester undoen. Duerno muss ee se ewechgeheien.
A Russland dogéint gëtt et e Glas Schampes mat Äschen ze drénken. Hei schreift ee säi Wonsch op e Stéck Pabeier, verbrennt et a fëllt d'Äschen a säi Glas. Wann een et bis Mëtternuecht ausdrénkt, soll de Wonsch an Erfëllung goen. Well d'Russen nom julianesche Kalenner liewen, feiert ee Silvester hei allerdéngs eréischt vum 12. op den 13. Januar.
Och a Japan hänkt d'Gléck am neie Joer vum Iessen of. Desto méi Kuch aus Reismiel d'Japaner iessen, desto méi laang a glécklech soll hiert Liewe ginn. Keen immens gesonde Brauch, anscheinend solle scho Mënschen dobäi ëm d'Liewe komm sinn.
Silvester bei Iech doheem
Wou feiert Dir dëst Joer Silvester? Si Knupperten e Muss oder net? A wéi eng Traditioun dierf bei iech net feelen?
Wann Iech d'Ëmfro op dëser Plaz net ugewise gëtt, da muss Dir d'Cookies fir de Site nach emol nei acceptéieren.