An Europa, Nord- a Südamerika, ma och a villen anere Länner op der Welt feiert een tëscht dem 24. an dem 26. Dezember d'Chrëschtdeeg.

Wësst Dir dobaussen, wisou mir Chrëschtdag feieren?

Chrëschtdag...  E Familljefest mat net just chrëschtlechem Hannergrond?

Op Chrëschtdag feiere mer d'Gebuert vu Jesus Christus, ma wéini hien op d'Welt koum, dat gëtt an der Bibel guer net erwäänt. D'Historiker si sech och net eens, wisou da grad de 25. Dezember mat der Gebuert vum Jong Gottes a Verbindung bruecht gëtt, ma déi chrëschtlech Kierch vu Roum huet schonn am Joer 336 Chrëschtdag op deem Dag gefeiert.

Schonn zanter Joerdausende feieren d'Mënsche ronderëm d'Welt Wanterfester. D'Bräich sinn am Laf vun der Zäit Deel vun den Traditiounen op Chrëschtdag ginn, esou wéi déi grouss Festiessen, déi schonn Deel vum Julfest an Nordeuropa waren oder déi keltesch Druiden, déi wärend den Deeg ëm de kierzten Dag am Joer hir Haiser gerëscht a Käerzen ugefaangen hunn.

Haut ass Chrëschtdag fir vill Leit e Familljefest, wou ee mat senge Léifsten zesumme kënnt an Zäit zesumme verbréngt. De chrëschtleche Volet gëtt awer och a ville Familljen héichgehalen, déi dann op Hellegowend an d'Chrëschtmette ginn. Ma och op Chrëschtdag selwer an um zweete Chrëschtdag besiche vill Lëtzebuerger gären déi festlech gerëscht Kierche fir d'Mass.

Wat si verschidden Traditiounen a Bräich?

Zwou dovunner hu mer schonn erwäänt: D'Rëschte vum Haus an dat grousst - oder an dësem Fall déi grouss - Festiessen. E weidere Brauch, ganz wichtegen, ass den Adventskranz. Dëst ass e Kranz mat véier Käerzen, wou op all Sonndeg viru Chrëschtdag, déi véier Adventssonndeger, eng Käerz ugefaange gëtt, bis dann eben um véierten Advent alleguer d'Käerze brennen. Nieft dem Adventskranz gëtt et dann och den Adventskalenner mat 24 bis 31 Dieren, wou een all Dag am Dezember eng Dier opmécht an dann e klenge Kaddo oder eng Schneekegkeet kritt. Et gëtt an alle Formen a Faarwen mat den ënnerschiddlechste Produiten dran an, Jo, et gëtt en esouguer fir d'Hausdéieren. Méi iwwert d'Traditioun vum Advent gëtt et bei eise Kolleege vum RTL Today.

Eng weider grouss Traditioun ass de Chrëschtbeemchen, mat dacks enger Krëppchen drënner, deen haut vill Leit an hirer Stuff stoen hunn, schéin a festlech gerëscht. Wou genau de Chrëschtbeemchen hierkënnt, ass schwéier ze soen. Sécher ass emol, datt schonn an der Zäit virun de Chrëschten d'Leit ëm de kierzten Dag vum Joer hir Haiser mat "grénge Blieder" verschéinert hunn. Beléift waren do d'Dännen, well déi jo dat ganzt Joer iwwer gréng sinn. Si stoungen nämlech deemools fir d'Victoire vum Liewen an d'Hellegkeet iwwert den Doud an d'Däischtert. Wéi de Beemchen awer zu deem Symbol, wat mir haut kennen, ginn ass, ginn et déi verschiddenst Geschichten, déi sech och deelweis widderspriechen. Lettland an Estland streide sech zum Beispill drëm, bei wiem deen éischte richtege Chrëschtbeemchen opgeriicht gouf an an Däitschland heescht et, datt de Martin Luther deen éischte war, dee Käerzen, haut ersat duerch elektresch Luuchten, un engem Chrëschtbeemchen ugefaangen huet oder datt den éischte "moderne" Chrëschtbeemchen aus Nürnberg kënnt, wéi d'Kolleege vum RTL Today schreiwen.

Fir verschidde Leit ass et eng Qual, ma fir vill vun de Mënsche gehéieren op Chrëschtdag och Chrëschtdagslidder. Wärend fréier awer nach vill an der Famill zesumme gesonge gouf, probéieren an eiser moderner Zäit vill Kënschtler sech u Chrëschtdagslidder, fir sech esou an de Kapp vun de Leit ze brennen an all Joer op en Neits um Radio gespillt ginn.

Wat kënnt Chrëschtdag op den Dësch?

Dinde, Int, Träipen, Raclette, Fondue - Kéis oder Fleesch -, Gromperenzalot mat Wirschtercher, Glace, Bûche, Panettone... D'Lëscht mat deem, wat op Chrëschtdag giess gëtt, ass laang an hänkt och nees vill vun den Traditiounen an den eenzele Familljen of. Meeschtens ass et souwisou de Fall, datt aus Chrëschtdag en Iessmarathon gëtt, wou ee quasi vun Hellegowend bis Stiefesdag vun Iessen zu Iesse pilgert a gefillt 10 Kilo op dräi Deeg zougeholl huet.

Chrëschtdag an de Konsum?

RTL

Zu Lëtzebuerg elo net, ma a ville Kulture spillt den Nossknacker op Chrëschtdag eng wichteg Roll. Et ass e Symbol fir Gléck a Wuelstand. / © PolonioVideo on Envato

Nieft de sëllege Chrëschtdagsiesse steet Chrëschtdag an eiser Regioun och nach fir en Iwwerschoss u Kaddoen, dat awer eréischt an den haitege Mossen zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert, wéi d'Fest ëmmer méi vun engem reliéise Fest zu engem Familljefest ginn ass.

Änlech wéi schonn zu Niklosdag fléien d'Reklammen nëmmen esou an d'Haus an et gëtt een am Internet vu "super Promoen" nëmmen esou bombardéiert. Dat kënnt natierlech net vun näischt. Well op Chrëschtdag maache vill Butteker quasi d'Geschäft vum Joer, well et sech am Fong esou gehéiert, datt ee seng Frënn a Famill oder besser gesot "seng Léifst" beschenkt. Vill Persoune plangen hire Chrëschtdagsshopping laang am viraus, anerer lafe quasi de 24. Dezember nach duerch d'Butteker, fir déi allerlescht Kaddoen ze fannen.

An och hei hänkt et vu Famill zu Famill of, wéi dëst ausgesäit. Verschiddener setze sech guer keng Präislimitt, anerer eng Präislimitt pro Kaddo, nees anerer e Präislimitt fir all d'Kaddoen. Da gëtt et nach dat sougenannt "Wichtelen", wat ëmmer méi an den Trend kënnt. Dëst heescht dann näischt anescht, wéi datt all Persoun just ee Kaddo fir eng aner Persoun, déi op der Feier present ass, matbréngt. Do kann et sinn, datt een am Virfeld den Numm vun där Persoun zitt, déi ee beschenke soll, oder dat um Owend selwer d'Kaddoe "verlousst" ginn.

Wie bréngt d'Kaddoen op Chrëschtdag?

RTL

© pixabay.com

Fir déi Erwuessen ass et kloer: Wa Kaddoen op Chrëschtdag verdeelt ginn, da musse se virdrun iergendwou kaf oder gebastelt ginn. Fir d'Kanner awer ass dat a ville Familljen anescht. Zu Lëtzebuerg bréngt traditionell d'Chrëschtkëndchen d'Kaddoen op Hellegowend, wärend et bei eisen däitschen Noperen op verschiddene Plazen de Weihnachtsmann an an den USA de Santa Claus ass. D'US-Kultur vum décke Mann mam laange wäisse Baart an der Bommelmutz fënnt sech awer och ëmmer méi an eise Reien erëm. Wat den Ënnerscheet tëscht Santa Claus, Chrëschtkëndchen a Kleeschen ass, dat hate mer an eisem Artikel iwwer Niklosdag schonn ënnert d'Lupp geholl.

Ëmfro Chrëschtdag

Weider Deeler aus eiser Serie iwwer déi verschiddenst Feierdeeg a Fester:

Chanukka - Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen

Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d'Kanner dru gleewen oder d'Elteren éierlech sinn?

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?

Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass "Thanksgiving"?

Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder "Friendsgiving" zesumme mat de Frënn