Traditionell feieren d'US-Amerikaner de véierten Donneschdeg am November Thanksgiving. Mat vill Iessen, vill Gedrénks, Paraden a Football.

Vill kennen et aus de Filmer: Eng grouss Famill sëtzt zesummen um Dësch a virun hinnen e Bierg vun Iessen, dee wuel op d'mannst duebel esou vill Persounen ernäre kéint. An den USA gëtt d'Erntedankfest ganz grouss geschriwwen...

Wou kënnt et hier?

Den Amerikaner no geet Thanksgiving op den November 1621 zeréck. Deemools hunn d'Kolonisten - an den USA schwätze si gär vu "Pilgrims" ( Pilger), déi mat de Schëffer aus Europa an Amerika koumen, en Erntedankfest zesumme mat den amerikaneschen Urawunner, besser gesot dem Stamm vun de Wampanoag Indianer, gefeiert. Dräi Deeg laang huet dëst Fest gedauert, wat den Urawunner méi wéi bekannt misst gewiescht sinn.
Vun de Koloniste waren net méi esou vill Leit iwwereg. Ronn 22 Männer, véier Fraen a 25 Kanner an Teenager hunn d'Faart mat der Mayflower iwwert den Ozean iwwerlieft, dat vu knapp iwwer 100 Leit, déi sech op de Wee gemaach hunn. Vill Frae sinn um schwéiere Wee gestuerwen. Dowéinst waren dann och däitlech méi Urawunner, eng 90, bei dësem Fest present.

Dem Edward Winslow no, en Aenzeien, deen d'Faart iwwerlieft an alles dokumentéiert huet, hunn déi amerikanesch Urawunner mat dësem Fest d'Enn vun der Recolte gefeiert an der Natur "Merci" gesot fir alles, wat si hinnen dëst Joer offréiert huet. Fir d'Englänner, déi schonn am Laf vum Joer 1621 hei ukoumen a scho Geschäfter mat der indigeener Populatioun gemaach hunn, war et och e Fest, fir hiert Iwwerliewen ze feieren. Nieft dem Iesse goufe wärend dësen Deeg och Spiller gespillt, eng Zort Militärparad ofgehalen an et koum zu diplomatesche Gespréicher tëscht de Kolonisten an den Urawunner.

Passéiert ass dat alles an der Géigend vu Plymouth am haitege Bundesstaat Massachusetts, engem Duerf, dat d'Siidler vun der Mayflower opgeriicht hunn.

Eng verlueren Traditioun, déi erëmentdeckt gouf.

RTL

Am Plimoth Patuxet Museum huet ee probéiert, fir dat originaalt Duerf vu Plymouth esou detailléiert wéi méiglech nozebauen. / © Rolf_52 on Shutterstock

Ob d'Awunner vu Plymouth weider all Joer oder reegelméisseg dëst d'Fest widderholl hunn, ass net iwwerliwwert. Gewosst ass awer, datt an der Regioun "New England" Enn vun de 1600er Joren nees eng Zort vu Thanksgiving gefeiert gouf.

Eréischt an den 1850er Joren ass d'Manuskript vum Edward Winslow nees opgetaucht, nodeems d'Englänner et wärend der Revolutioun geklaut haten. Duerch d'Campagne vun der Sarah Josepha Hale konnt si de President Abraham Lincoln am Joer 1863 iwwerzeegen, fir d'Geschicht vum éischte Thanksgiving als Basis fir en neie Feierdag ze huelen. Dësen huet de Feierdag dunn op de véierten Donneschdeg am November festgeluecht, wärend een dovunner ausgeet, datt d'Fest bei Plymouth wuel tëscht Mëtt September an Ufank November war.

Thanksgiving ass ee vun de wéinege Feierdeeg an den USA, deen haut net mat eppes reliéisem a Verbindung bruecht gëtt. D'Pilger dogéint, déi aus England an Amerika gereest sinn, haten hir al Heemescht verlooss, fir hire Glawen méi fräi ausüben ze kënnen. Dëst gouf awer an déi modern Form vu Thanksgiving net mat iwwerholl.

Thanksgiving krut am Laf vun der Zäit "Traditiounen" dobäi

Eng vun de méi modernen Traditioune vu Thanksgiving ass d'Macy's Parad zu New York. Dat ganz Joer iwwer schaffen Techniker an de Macy's Studios zu Hoboken New Jersey, fir d'Ballonen an d'Ween fir dësen Dag virzebereeden.

1927 war dës Parad déi éischte Kéier an de Stroosse vun New York organiséiert ginn. Fréier war et nach d'Chrëschtdagsparad vun der Akafschaîne Macy's, iwwerdeems et elo als "Thanksgiving Parade" bekannt ass. Waren et am Ufank nach Amateuren, déi bei der Parad matgaange sinn, huet sech dëst am Laf vun de Joren esou geännert, datt haut esouguer Acteure vu Broadway-Shows mat duerch d'Stroosse vu Manhattan ginn. Vum Weste vum Central Park bis bei dat grousst Macy's Geschäft leeft d'Parad, bei där iwwer 8.000 Leit matginn a fir Entertainment suergen. Si dauert ronn dräi Stonnen, vun 9 bis 12 Auer, a gëtt zanter 1953 live op der Tëlee an de ganzen USA gewisen. Ronn 3,5 Millioune Leit sinn all Joer live mat dobäi an eng 65 Millioune kucken et op der Tëlee.

Eng weider modern Traditioun op Thanksgiving, déi op der Tëlee gewise gëtt, ass den American Football. Huet et an den 1870er mat engem Match tëscht zwou Unien op dësem Feierdag ugefaangen, ass et an den 1930er zu engem Event vun de Profisportler ginn. Waren et d'Detroit Lions, déi zanter 1934 traditionell op Thanksgiving gespillt hunn, koumen 1966 och d'Dallas Cowboys mat engem Match op dësem Dag dobäi. Zanter 1978 spille béid Ekippen all Joer op dësem Feierdag. Zanter 2006 léist d'NFL nach en drëtte Match um véierten Donneschdeg am November spillen, ouni datt et awer eng fix drëtt Ekipp gëtt, déi all Joer untrëtt.

An awer: D'Iesse steet am Mëttelpunkt

Traditionell dréint sech bei den Amerikaner ëm Thanksgiving bal alles ëm d'Schnuddelhong, dacks gefëllt mat Brout oder änlechem. Dobäi ginn et Saachen, déi an den USA am Hierscht ze fanne sinn: Kalbass, Muerten, Séissgromperen, Äppel, Nëss oder Cranberries.

Als Entrée gëtt et gäre Mol eng Mais-, Fësch- oder Kalbass Zopp. Als Haaptmenü dann de gefëllten Turkey, mat enger bronger Zooss esou wéi och enger Aart Kompott aus de Cranberries. D'Bäilagen dozou sinn da ganz gären d'Muerten, gréng Bounen, Séissgromperen oder och nach Püree a Brout, dacks mat Hiefdeeg oder op Basis vum Kalbass.

Als Dessert bleift et dann och gäre beim Thema Hierscht. E Pumpkin (Kalbass) oder Apple Pie, Glace mat Kakuettebotter oder en Dessert op Basis vun de Cranberries.

D'Entréeën, d'Bäilagen an d'Desserte kënnen natierlech ëmmer no Regioun, Goût oder Familljentraditioun änneren.

Wisou si Schnuddelhénger den Dag virdrun op Visitt am Wäissen Haus?

RTL

© Photo by SAUL LOEB / AFP

D'Originne gi wuel bis 1863 zeréck, wéi de President Lincoln e Schnuddelhong, op Englesch Turkey, net soll giess hunn. Zanterhier ass et ëmmer erëm virkomm, datt de President vun den USA e Schnuddelhong virum Schicksal rett, selwer den Haaptmenü beim Thanksgiving-Dinner ze ginn.

D'Déier gëtt der Presidentefamill geschenkt a soll hinne Gléck bréngen. E Mythos am Wäissen Haus beseet, datt den Harry S. Truman awer dunn deen éischte President war, deen e Schnuddelhong begnodegt hätt. Och wann doriwwer an den USA ëmmer nees debattéiert gëtt, esou war et awer ënnert dem Truman, datt d'Schnuddelhong, wat d'Wäisst Haus geschenkt krut, ëffentlech presentéiert gouf. 1948 waren et dann eng éischte Kéier zwee Déieren.

D'Patricia Nixon, d'Fra vum President Richard Nixon, huet 1973 dunn eng éischte Kéier d'Déieren op eng Farm geschéckt, eppes, wat d'Rosalynn Carter fënnef Joer méi spéit och gemaach huet. No 1981 an ënnert dem President Reagan gouf et dunn eng Traditioun, datt déi Schnuddelhénger, déi virum Wäissen Haus presentéiert goufen, net geschluecht goufen, mä op en Haff koumen. Dat en Turkey formell vum President begnodegt gouf, koum awer eréischt 1989, wéi de President George H. Bush dem Schnuddelhong offiziell versprach huet, datt et op en Haff an der Ëmgéigend géif kommen, wou et bis zu sengem natierlechen Doud liewen dierf.

Déi zwee Schnuddelhénger, déi dem Presidente geschenkt ginn, kommen nach gutt ewech. Well an den USA kommen all Joer tëscht Thanksgiving a Silvester ronn 40 Milliounen Turkeys op den Dësch.

Kommerzialisatioun

RTL

© Photo by Samuel Corum / AFP

Natierlech huet sech och de Commerce op Thanksgiving agestallt. Nieft dem Iesse gëtt et haaptsächlech an den USA och eng Hellewull un Dekoratiounsartikele ronderëm dëse Feierdag ze kafen. Kaddoen awer, wéi ronderëm Chrëschtdag, ginn op dësem Feierdeeg keng verdeelt.

D'Geld mécht de Commerce an den USA souwisou eréischt den Dag no Thanksgiving: Well dee Freideg ass allgemeng bekannt als "Black Friday", wou een anscheinend déi allerbeschte Konditiounen an de Butteker kritt a vill Amerikaner op dësem Dag schonn hir Akeef fir Chrëschtdag maachen oder ganz einfach sech selwer mat "staark reduzéierten" Artikele beschenken. D'Wuert "Black" an dësem Numm huet dann och e kommerzielle Background: Et gëtt gesot, datt et den Dag vum Joer ass, an deem vill Geschäfter an déi "schwaarz Zuelen" rutschen, also Profit maachen.

D'Wiertschaften, also Baren, Caféen a Co, profitéieren dann op ganz ville Plaze vum Owend virun Thanksgiving. Vill Amerikaner komme fir deen Dag zeréck an d'Heemechtsduerf, wou si opgewuess sinn, an et ass fir ganz vill vun hinnen déi ideal Geleeënheet, fir mat de Frënn aus der Kandheet an der Jugend ze feieren an deen een oder aneren ze drénken. Do wonnert et dann och net, datt ee mëttes esou e groussen "Thanksgiving-Dinner" huet, fir sech vun der Nuecht virdrun z'erhuelen.