Zwee Hobby-Paläontologen hunn a Südfrankräich bal 400 gutt erhale Fossiller entdeckt, déi aus der Zäit vu viru ronn 470 Millioune Joer sinn.

Déi zwee Hobby-Paläontologen Eric Monceret a Sylvie Monceret-Goujon hunn déi Honnerte Verstengerungen zu Biote de Cabrière am franséischen Departement Hérault entdeckt. Hir Entdeckung hunn déi zwee der Schwäizer Universitéit vu Lausanne gemellt. Experte wiere bei enger éischter Visitt begeeschtert gewiescht, heescht et vun der Schwäizer Uni selwer.

Weider erkläert d'Uni, déi d'Plaz zesumme mam nationale franséische Fuerschungszenter (CNRS) analyséiert, datt et nieft de Muschelen och mëll Elementer wéi Verdauungssytemer an Haut-Deeler ginn, wat immens rar wier. Domat hunn d'Hobby-Paläontologen eng vun de räichsten a villfältegste Plaze vun der Welt fonnt.

Aarte wuel virun Hëtzt geflücht

D'Resultater vun der Analys goufen an der Fachzeitung "Nature Ecology & Evolution" publizéiert. Wéi doraus ervirgeet, hunn d'Fuerscher verschidden Déieren- a Planzenaarte fonnt. Duerch déi grouss Biodiversitéit geet d'Uni Lausanne dovun aus, datt d'Gebitt als Refuge viru waarmen Temperature gedéngt huet. Viru 470 Millioune Joer war d'Klima op der Äerd allgemeng méi waarm ewéi haut. Warscheinlech, sou d'Fuerscher, sinn d'Aarten, déi et léiwer kal hunn, virun den extreemen Temperature beim Equator a Richtung Norde geflücht.