D’Fest ass all Joer fir den Ofschloss vum Scoutsjoer. De Motto dëst Joer war europäesch Bridderlechkeet.

Um Fouss vun den RTL-Tierm huet een e de ganze Sonndeg iwwer d'Laache vun de ville Kanner héieren. Mam Kierchbierg ass wuel de richtege Quartier gewielt, fir de Kanner a Jonken Europa méi nozebréngen. Déi ganz international opgestallte Scoutsunitéit Robert Schuman aus der Stad huet dëst Joer mat der Federatioun zesummen de Pow-Wow organiséiert. But ass, de Kanner ze erklären, wisou déi europäesch Unioun wichteg ass. All déi 30 Gruppe vun der Féderation nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, kuerz FNEL, hunn 80 verschidde Posten opgeriicht. Op dëse ginn de Scouten déi europäesch Länner presentéiert.

"Se gi vu Land zu Land a kréien dës da presentéiert. Se kucken d’Ënnerscheeder a léieren eppes bei Aktivitéiten iwwert d’Land", erkläert de Chef vum Grupp Robert Schuman, de Clément Potocki. D’Iddi wier, dass d’Kanner d’Länner zesummebréngen, a verstinn, wisou et wichteg wier, dass se an der europäescher Unioun bleiwen.

D'Aktivitéiten, déi gemaach ginn, sinn da pluridisziplinär. Et geet ëm Kreativitéit, ëm déi non-formal Bildung, ëm Teamaarbecht, ëm d’Vermëttlung vu Wësse mee awer och dacks ëm vill Aktioun a Beweegung. 8 Méint laang gouf um Fest geplangt, 4 Deeg laang opgeriicht. Ma um groussen Dag selwer brauch een och déi vill jonk Scoutscheffen, déi bereet sinn, Responsabilitéit z’iwwerhuelen. "Ech si Chef, well ech wëll de Kanner meng Erfarungen a mäi Wësse weiderginn. Mä et léiert een all Dag dobäi, an och mir kënnen eppes vun de Kanner léieren", seet d’Marilou Cukier, Chef vun de Wëllefcher. Si encadréiert um Pow-Wow hire Grupp vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer.

Um Pow-Wow huelen all Joer iwwer 1.000 Scoute vun der FNEL deel. Et ass de feierlechen Ofschloss vum Scoutsjoer, ier et elo dann an d’Summervakanz geet. De Begrëff Pow-Wow kënnt dann ursprénglech vun den nordamerikaneschen Urawunner a bezeechent eng Renconter, wou gefeiert a gedanzt gëtt. An et ëm dat soziaalt Zesummekomme geet.