Serie "Spirituellt Lëtzebuerg"Vu wëlle Fraen a béise Bierger

Monique Kater
Hexen hu baussent Märercher oder Filmer u sech näischt ze sichen, grad wéi den Hexewahn vu virun e puer Joerhonnerten, deen et op verschiddene Kontinenter ëmmer nach gëtt. D'Angscht virun der Hexerei war als Awerglawen och zu Lëtzebuerg ganz present: eng 2.000 bis 3.000 Leit hunn hei hiert Liewe verluer.
Serie "Spirituellt Lëtzebuerg": Vu wëlle Fraen a béise Bierger
Hexen hu baussent Märercher oder Filmer u sech näischt ze sichen, grad wéi den Hexewahn vu virun e puer Joerhonnerten.

Zowaasch fréier, an Zowaasch haut. Zënter Joerhonnerten haust déi Hex am Bësch a géif de Baueren hiert Véi räissen ...ups... dat ass déi manner soft Versioun, déi "net fir d’Kanner"!

D’Hex ass emol mat hirer Kaz spadséiere gaangen an dunn ass hir de Fiels op de Kapp gefall, erzielt de Roby Johnsdorf, Schoulmeeschter an der Naturschoul zu Zowaasch, eis, an net deene Klengen. Eng ganz elle wier si gewiescht, esou ellen, dass esouguer den Däiwel se net bei sech an der Hell wollt. Den Himmel war och keng Optioun – an esou haust si haut nach ënnert dem Fiels, sou de Roby Johndorf.

Hexeprozesser a Verbrennungen, d’Angscht vum Vollek virum Onbekannte gouf et zimmlech iwwerall an Europa; heibäi stieche Buerschent, Wolz, Iechternach, Suessem an Useldeng, eraus.

No der Inquisitioun koum de weltlechen Hexenterrorismus

D'Inquisitioun am 15. Joerhonnert gouf dono e weltlechen Hexenterrorismus!

Hexerei ass wéi e Verbrieche behandelt ginn, viru Geriicht, esou wéi Mord oder Klauen – Lynchjustiz war et awer keng, weess den Historiker Boris Fuge, dee seng Diplomaarbecht iwwer d’Hexe geschriwwen huet an 2002 un der Ausstellung mam Titel "Incubi Succubi. Hexen und ihre Henker bis heute", déi 2002 am Lëtzebuerg City Museum war, matgeschafft huet.         

D’Kierch wier deemno net Initiateur vun der Hexeverfollgung gewiescht. Allerdéngs géif et ouni Relioun och keen Däiwel. D’Buhlschaft mam Däiwel, de Sex mat him, d’Fléien op de Sabbat - ouni d’Relioun: inexistent!

D'Dräi Tier an der Stad – e Prisong, och fir Hexen?!

Si solle Mënsch an Déier krank gemaach an de Karschnatz verduerwen hunn – déi dräi Tier ware keng Paart méi, mee e Prisong, an deem Hexen an Hexer op hiert Urteel solle gewaart hunn.

An den Archive fënnt ee Rechnungen, déi d’Holz opzielen, dat gebraucht ginn ass, fir d’Hexen ze verbrennen. An der Stad gouf et ganz fréi schonn Hexeprozesser a Verbrennungen, léiere mer vum Historiker Boris Fuge, Historiker, Lëtzebuerg City Museum, am 15. Joerhonnert schonn.

Virun allem an der Zäit vum Grof Mansfeld huet ee sech d’Hexeverbrennungen eppes kaschte gelooss. Iwwregens: wann ee Geld hat, huet ee sech dierfen an engem Appell verdeedegen.

© RTL

D’Zowaasch - Eng Legend oder déi eenzeg "richteg" Hex?

Eisen Hexewahn hat säin Héichpunkt vun Enn 16. Joerhonnert bis wäit eran an d'17.. Et liest ee vun ongeféier 3.000 Prozesser, 2.000 Verbrennungen, dovunner 2/3 Fraen.

D’Hex vu Lasauvage war eng mat ganz laangen Hoer, mat Gedéiesch dran, se huet sech net gewäsch, erkläert de Marc Frisch, deen anere Schoulmeeschter, de Kanner an der Naturschoul zu Zowaasch. Se huet awer de Bësch an d'Natur gutt kannt, wousst wat géint Krankheete géing hëllefen a wat een aus dem Bësch kann iessen.

Um Enn blouf si ënnert dem Fiels, net wäit vun der Kierch ewech, begruewen. A wéinst hirem schreckleche Kaméidi hätt esouguer d'Nopeschhaus missen ofgerappt ginn, zielt ee sech am Duerf. Dass dat vläicht d'Explosiounen an de Minne waren...och méiglech a warscheinlech. Mee vläicht ass La Sauvage vun Zowaasch jo déi eenzeg richteg Hex, déi Lëtzebuerg jeemools hat – pardon HUET...agespaart, ënnert de Steng...bis ee si erausléisst.

Dat kathoulescht Hëllefswierk Missio huet dëst Joer eng Lëscht mat 47 Länner publizéiert, an deene Fraen, Männer a Kanner ëmmer nach Gefor lafen, als Hexen oder Hexer stigmatiséiert, gefoltert oder ëmbruecht ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO