Ënner Spiritualitéit versteet ee gemengerhand d’Sich no engem Sënn, no enger déiwer Rou oder allgemeng nom Erliewe vun eppes, wat iwwer dat Materiellt eraus geet. Déi eng fannen dat an der Relioun, anerer an der Natur, vläicht esouguer an enger Sekt, an nach anerer si Frënn vum Awerglawen. Zu Lëtzebuerg fënnt een eng helle Wull Optiounen, an e puer dovunner fannen hir Plaz an enger Serie vum Monique Kater a Morgan Doux.
Awerglawen an Hexeprozesser: net alles goung vun der Kierch aus
Hexen… haut ginn et der, déi sech fräiwëlleg als där Gudder outen – an der Zäit hat een awer all Interêt, esou wäit wéi méiglech vum Däiwel a senge verhexte Fraen a Männer ewech ze bleiwen! Viru Geriicht gouf nämlech sec geurteelt, presuméiert Hexerei ass wéi e Verbriechen, wéi Mord oder Vol ugesi ginn, erkläert de Boris Fuge, Historiker am Lëtzebuerg City Musée an Hexerei-Spezialist. Et war ee vum Glawen ewech goen, sech mam Däiwel aloossen, Sex mat him hunn, an op de Sabbat fléien.
Wann eis Sauvage, d’Hex vun Zowaasch nach ëmmer ënnert dem Fiels haust, hir also soss net wierklech eppes geschitt ass, hunn awer eng 2.000 Fraen zu Lëtzebuerg den Hexenterrorismus net iwwerlieft.
Natur a Mënsch – eng verluere Connexioun erëmfannen
Mir siche Rou, Hëllef géint Alldagsstress, Preventioun vu Burn-Out, hunn awer d’Connexioun zu eisem wichtegsten Alliéierten, der Natur verluer! De Bësch eleng, nei entdecken – dofir brauchen déi Meescht eng Gebrauchsanweisung. U sech dramatesch, mee mat Hëllef vum Karen Decker, Bësch-Coach an d’Rou a Persoun, léiert ee sech erëm fannen, iwwer d’Waldbaden - eng nei Form vu Spiritualitéit, vu Mënsch sinn.
D’Relioun... fir d’Generatioune virun eis, war se Trouscht, Hëllef, e sech net eleng fillen. D’Chrëschtentum zitt sech duerch eis Serie – allerdéngs ginn et an deem Kontext och okkult Stréimungen an Awerglawen.
Okkultes mat Hellegen, déi hëllefe sollen
"Nadel stich, Péiter Onrou erhöre mich!", wann e Mann seng Fra oder Freiesch bedrunn oder blesséiert huet, konnt et deem nach méi wéi schlecht ergoen. Si goung de Péiter vu Mailand ëm Hëllef froen, an huet esou, hir Revanche geholl, weess den Historiker Robert Philippart. Duerch d’Nol, déi brennt an dann erof fält kritt deen aneren nämlech e Stach an d’Häerz.
Bis haut bleift e Besuch beim Péiter Onrou voller Geheimnisser a wäert seng Plaz am spirituelle Lëtzebuerg esou séier net verléieren.