Hie schéngt ze fléien, een Aarm an den Himmel gestreckt, d'Surfbriet riicht nieft him. Et ass eng spektakulär Momentopnam vum Surfer Gabriel Medina.

Entstanen ass d'Foto op Tahiti duerch den AFP-Fotograf Jérôme Brouillet a gëllt elo schonn als dat spektakuläerst Bild vun Olympia 2024.

Nëmme 4 Mol hat de Brouillet op den Ausléiser gedréckt, wéi de Star-Surfer Gabriel Medina aus der Monsterwell an d'Luucht geschoss koum an an der Loft poséiert huet.

Hien hätt "Gléck gehat, am richtege Moment gedréckt" ze hunn, sou de Brouillet, deen op engem Fëscherboot net wäit ewech stoung. Sou laang, wéi de Surfer nach bannen an der Well ass, kann hien en als Fotograf net gesinn.

Dem AFP-Fotograf säi Bild huet sech bannent e puer Stonne weltwäit verbreet an huet fir Begeeschterung gesuergt. Den australesche Portal News.com.au huet op senger Facebook-Säit vun der "beschter Sportfoto vun allen Zäite" geschwat. D'Times-Zeitung huet d'Foto als "prägend Triumphbild vun de Summerspiller 2024" bezeechent.

Och de Medina huet d'Bild op sengem Instagram-Profil gedeelt an et gouf iwwer 4 Millioune Mol geliked.

Nodeems d'Foto entstane war, hat de Brouillet schonn d'Gefill, e besonnesche Moment agefaangen ze hunn, hie war sech do awer nach net ganz sécher. Ma wéi säin Handy net méi opgehalen huet, ze schellen a seng Followerzuel op Instagram explodéiert ass, war hie sech sécher: "Dat ass grouss".

Zéng Stonnen hat de Jérôme Brouillet e Méindeg um Fëscherboot verbruecht an nëmmen de Brochdeel vun enger Sekonn war um Enn entscheedend fir en aprägend Bild.