Ëmmer nach vill oppe Froe ronderëm Covid-19

© AFP
Den däitsche Science Media Center huet Fuerscher gefrot, ob hir Froe ronderëm Covid mëttlerweil beäntwert sinn.
Am Joer 2021 hat de Science Media Center aus Däitschland Fuerscher gefrot, wéi eng Froe si zu Covid-19 hunn. Elo dräi Joer méi spéit goufe si nach eng Kéier gefrot, ob déi Froen dann elo beäntwert goufen. Ma wärend ee bei deem engen oder anere Punkt mëttlerweil méi schlau ass, sou sinn aner Froen ëmmer nach onbeäntwert.
D'Fuerscherin Professer Viola Priesemann huet sech am Summer 2021 zum Beispill gefrot, ob am Wanter eng nei Variant vu Covid optriede kéint, déi trotz enger Immuniséierung e schwéiere Verlaf kéint hunn. Haut ass gewosst, dass zwar mat der Omikron-Variant eng nei Form vu Covid opgetrueden ass, dës Variant gouf awer iwwerstanen, ouni dass d'Klinicke rëm iwwerlaf waren. Dat hätt domat ze dinn, dass e groussen Deel vun der Bevëlkerung zu dem Zäitpunkt schonn immuniséiert war.
Mee wéi geet et mat der Immuniséierung weider? A wéi wäert sech de Virus weiderentwéckelen? Dat si Froe vu Fuerscher, ob déi een haut nach keng Äntwerten hätt.
Eng aner wichteg Fro wier bis haut och nach net gekläert, an zwar: Wou ass de Coronavirus hierkomm? Wéi ass d'Pandemie entstanen? War et en Accident am Labo, koum de Virus vun engem Déier oder vun engem Food Market? Dës Fro stéing ëmmer nach am Raum.
D'Pandemie hätt awer och gutt Effete mat sech bruecht, sou huet dës "onheemlech schnell enorm biomedezinesch Erfolleger ervirbruecht, virun allem am Beräich vun der Impfstoffentwécklung", wéi d'Professorin Eva Rehfuess fënnt.

© AFP
Deem stëmmt och de Fuerscher Professer Ulf Dittmer zou. "Mir wësse mëttlerweil, wéi laang eng Impfung schützt. Se schützt nëmmen e puer Méint virun enger neier Infektioun, awer sécher vill méi laang - Joren - virun enger schwéierer Covid-Infektioun."
Och wann de Virus an der Gesellschaft net méi all Dag thematiséiert gëtt, ass dësen awer weider e wichtege Sujet an der Fuerschung. Iwwert déi lescht Jore konnte vill Froe beäntwert ginn, ma wéi een unhand vum Rapport vum Science Media Center gesäit, stinn ëmmer nach vill Froen op an et kommen ëmmer rëm nei Froen dobäi. Domat ass de Kapitel "Corona" an der Fuerschung ëmmer nach net ofgeschloss.
All d'Froen an Äntwerte fannt Dir hei beim Science Media Center.