Serie "Spirituellt Lëtzebuerg" - Deel 3Waldbaden a Grénge Mann sichen eng Reconnexioun mat der Natur

Monique Kater
Iwwer eist Naturverbonnenheet vu fréier versicht de «Grenge Mann», als Wiechter vun der Natur, op eng spilleresch Manéier, déi verluere Connexioun tëscht Mënsch an Natur erëm opzebauen. D’Karen Decker schafft mat der Shinrin-Yoku Methode a weist engem, wéi ee sech bewosst a mat all senge Sënner, op d’Natur alosse kann, fir esou de Stress vum Alldag ofzebauen.
Serie "Spirituellt Lëtzebuerg" - Deel 3
Waldbaden a Grénge Mann sichen eng Reconnexioun mat der Natur-

De Grénge Mann deelt säi Wësse vu fréier, wou Natur a Mënsch nach eent waren

Do wuuselt eppes oder een tëscht de Beem erduerch...op den 1. Bléck e Gelungenen, een dee mat sech selwer schwätzt. De Grénge Mann steet fir déi ursprénglech déif Verbonnenheet tëscht der Mënschheet an der Äerd a geet zeréck op d'Heedentum, wou d'Natur an hir Gëtter veréiert goufen. "Lang ist’s her", haut ass "an d’Natur goe" scho bal e Luxus – schlecht fir déi eng an och fir déi aner Säit, seet de Grénge Mann an hëlt eis mat a seng Welt...dat géing nëmmen da goen, wann een dat och wéilt, weess hien an erkläert eis, wéi déi verschidde Beem op eis Psych wierken. Mir léieren, dass, an dat kéim aus der nordescher Mythologie, e Bam fir Asgard - Himmel, Midgard – do wou mir liewen an dann nach Helheim, dat ënnert dem Buedem, steet, dass eng Lann ee berouegt, Stress ofbaut. Vun der Eech, dem Bam vun de Gëtter kritt ee Kraaft an d'Bich gëtt engem Weisheet an d'Rou, déi richteg Decisiounen ze huelen.

"Wéi d'Chrëschte komm sinn, sote se de Mënschen: dat do ass alles Muckefuck, Dommheeten!", zielt eis de Grénge Mann, dee sech als Wiechter vun der Natur gesäit. Eis wier gezielt ginn, dass d'Beem, d'Natur, alles Gott a Maria wieren. De Kelten an de Germanen hir wichteg Beem wieren ëmgehae ginn, fir amplaz e Götzebild vun de Chrëschten opzeriichten. Dat fir ze weisen, dass et net d'Eech, mee Maria wier, déi engem Kraaft gëtt. Genee do gesäit de Grénge Mann de Problem: senger Meenung no ass et d'Natur an eben deen Eechebam, deen ee staark mécht.

D'Waldbaden mam Karen Decker: kee Schickimicki Trend, mee eng reell Reconnexioun mat der Natur 

Dass d'Natur, e Bam, dem Mënsch ka Kraaft ginn, mussen der vill, haut, fir d'éischt emol erëm léieren: Léieren ofzeschalten, dat wat een erlieft huet, ausblenden an d'Angscht virun deem, wat kënnt, net zouloossen. Dobäi hëlleft d'Karen Decker mam japanesche Waldbaden an dat matzen am net grad rouege Bambësch.

Si weist engem, wéi ee sech op sech selwer konzentréiert, den "Hei" wouer hëlt, ouni u Feeler aus der Vergaangenheet oder un Ängschte virun der Zukunft ze denken, seet Karen Decker, Expertin am Waldbaden. Wat zielt wier den Ament selwer.

Karen Decker, Expertin am Waldbaden
Dass d'Natur, e Bam, dem Mënsch ka Kraaft ginn, mussen der vill, haut, fir d'éischt emol erëm léieren.

Sech spirituell mat der Natur reconnectéieren, léieren, an der Natur Rou, an duerch si zu engem "Sech-wuel-fillen" ze fannen, andeems ee sech op sech a seng Sënner konzentréiert. Dat ass Waldbaden, à la Japonaise. E Kierper dee sech heiduerch berouegt an heele kann.

Aus eisem Bësch e Business maachen – éischt Tendenzen, och zu Lëtzebuerg

Et wier e bësse wéi bieden, seet d’Karen, "do seet een eppes op, et freet een eppes – och hei wier een am Ament". Deen ee fënnt d'Rou an enger Kierch oder an enger Moschee, och dat, e Lieu de Recueil.

Karen Decker, Expertin am Waldbaden
Aus eisem Bësch e Business maachen – éischt Tendenzen, och zu Lëtzebuerg.

Si hätt nach ni ee matgeholl an de Bësch, deen herno net erof komm wier, e Batz Stress an Drock lass gouf, seet d’Karen Decker. Virun allem ënnert deenen, déi am Grupp kéimen, wieren déi meescht Skeptiker. Mee: den Alldag lauert a fir mat deem eens ze ginn... Et wier eben alles eng Saach vun Übung.

Back to Top
CIM LOGO