En Automobilist wollt sech en Dënschdeg den Owend duerch d'Bascht maachen, wéi en an eng Policekontroll zu Cochem an Däitschland komm ass.

En ass mat sengem Won virun der Police geflücht, konnt awer kuerz drop gestallt ginn. Den 41 Joer ale Mann huet awer keng Ustalte gemaach, sech der Police z'erginn. En ass kuerzerhand aus dem Auto gesprongen an huet säi Gléck an der Flucht an d'Musel gesicht. E wollt op déi aner Säit schwammen.

Wéi e bis gesinn huet, dass do och Policebeamten op e waarden, huet e sech einfach emol weiderhin an der Musel opgehalen, dat bal 45 Minutte laang, bis en agesinn huet, dass dat och näischt bréngt.

Nodeems e sech erginn huet, hu Secouriste sech ëm de Mann gekëmmert.

Wéi d'Police matdeelt, hätt de Mann guer keen Auto dierfe fueren. Dat war da wuel och de Grond, wisou e virun der Policekontroll geflücht war.