Alkoholiséierte Camionschauffer parkt op lénker Spuer a geet schlofen

© RTL Archiv
An Däitschland hat e Camionneur en éischter skurrillen Asaz ausgeléist: Matten op der Autobunn hat hien decidéiert, stoen ze bleiwen a schlofen ze goen.
E Freideg den Owend hat e Camionschauffer an Däitschland wuel matten op der A5 bei Herbolzheim a Baden-Württemberg gemierkt, datt hie wuel ze vill gedronk hat, fir nach ze fueren. Kuerzerhand huet de Mann doropshin decidéiert, säi Gefier op der lénker Spuer vun der Autobunn ze stoppen, d'Diere vu bannen zouzespären a sech an der Fuererkabinn an d'Bett ze leeën.
Scho virdru soll de Camion ouni Luuchten an a Schlaangelinnen ënnerwee gewiescht sinn, wéi et vun der Police heescht. De Chauffer soll ëmmer erëm ofgebremst an dann erëm acceleréiert hunn. D'Beamten, déi dowéinst scho geruff gi waren, hunn de Camion du schlussendlech op der Plaz fonnt. Si hunn de Mann wakereg gemaach a mat an de Passagearrest geholl, fir nees erniichter ze ginn.