Iwwer 2 Milliounen Euro gewonnen a sech net gemellt

Image
Flickr / Javier
Beim Lotto hat en Awunner aus Hamburg op déi richteg Zuele gesat. Ma de Gewënn an Héicht vun 2,48 Milliounen Euro ass de Glécklechen ni siche gaangen.
Lotto Hamburg sicht dowéinst elo ëffentlech nom neie Millionär, dee säi Spillschäin de 24. Mee am Bezierk Wandsbek ofginn hat.
"D'Gewënnzuele vun der Zousazlotterie Spill77, déi um Enn vun der Zéiung vum 25. Mee 2024 ermëttelt goufen, sinn 0846078 a bréngen, deemjéinegen, deen dës Chiffer-Folleg um Spillschäin huet, d'Gewënnzomm vun 2.477.77 Euro", deelt Lotto Hamburg mat. Vue datt de Gewënner de Schäin awer nach net ofginn huet, wier net gewosst, ob et e Mann oder eng Fra ass.
"Vill, vun deenen déi Lotto 6aus49 oder Eurojackpot spillen, notzen d'Zousazchance mat engem einfache Kräiz ënnen um Spillschäin fir d'Spill77.. Eventuell huet de Gléckleche beim Verglach vun den Eurojackpot-Zuele verpasst, och d'Chiffere vum Spill77 ze préiwen oder de Reçu verluecht", sot de Lotto-Chef Torsten Meinberg.
Hien appelléiert un all d'Lotto-Spiller: "Duerchsicht Poschen, Tiräng a Portmonnien no Spillquittunge vum Mee 2024." Zäit ze Siche bleift genuch: Dräi Joer hunn d'Leit Zäit, hire Gewënn anzeléisen, fir datt en net verfält.