Fuerscher fannen iwwer 200 Foussofdréck vun Dinosaurier

© AFP
An der brittescher Grofschaft Oxfordshire huet en Aarbechter aus engem Steebroch eng spektakulär Decouverte gemaach.
Bei Aarbechte vum Steebroch "Dewars Farm" tëscht London a Birmingham waren engem Mataarbechter Onreegelméissegkeeten um Buedem opgefall. Nodeems eng Ekipp vun iwwer 100 Mataarbechter d'Ofdréck ënnersicht hat, konnt confirméiert ginn, datt et sech dobäi ëm iwwer 200 Dinosaurier-Foussofdréck vu virun ongeféier 166 Millioune Joer handelt. D'Ofdréck selwer sollen immens detailléiert sinn.
D'Universitéite vun Oxford a Birmingham hunn d'Decouverte als "Dinosaurier-Highway" bezeechent, also eng Route, déi vu villen Dinosaurier vu verschiddenen Aarte genotzt goufen. Dorënner héchstwarscheinlech ënnert anerem vum ronn 18 Meter laange Cetiosaurus an och den néng Meter laange Megalosaurus.