Tupperware zitt sech aus Europa zeréck - 100.000 Mataarbechter betraff

© GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Wéi et vun Tupperware heescht, géif een nach bis Enn Januar d'Bestellungen ausliwweren.
Tupperware huet d'Aktivitéit an Däitschland an Éisträich schonn agestallt a plangt och, sech nach aus aneren europäesche Länner zeréckzezéien, ass ënner anerem am Focus ze liesen. D'Entreprise huet Enn November Faillite deklaréiert, nodeem d'US-Mammenhaus a finanziell Schwieregkeete gerode war.
"Mir hunn eis Aktivitéit offiziell agestallt", heescht et vun der Entreprise op hire Websäiten, kuerz nodeem de leschte Versuch, fir nei Lizenzen an den USA ze kréien, kee Succès hat, wéi d'"Lebensmittel Zeitung" mellt. Europawäit hätt ee ronn 100.000 Beroder an 350 fest Mataarbechter.
Grad an Däitschland versteet een déi Decisioun net. Hei hätt ee ronn 22 Milliounen Dollar Profit gemaach, déi gesaten Ziler an en Ëmsaz vun 70 Milliounen Euro erreecht, heescht et vun CEO vun Tupperware Däitschland Marco De Benedetti.
Nieft Däitschland an Éisträich sinn och Länner wéi Frankräich, Belsch, Italien a Spuenien betraff. An net just de Verkaf gëtt agestallt, mä och zum Deel d'Produktioun. Esou ass e Wierk an der Belsch mat 270 Mataarbechter den 8. Januar zougemaach ginn.
D'US-Mammenhaus wëll sech an Zukunft op d'Kärmarchéen konzentréieren, wéi Nord- a Mëttelamerika, Brasilien, China oder Indien.
An Europa ginn all d'Bestellungen, déi bis zum 22. Dezember erakoumen, nach verschafft a bis den 31. Januar ausgeliwwert. Nei Bestellungen sinn net méi méiglech.