59 Mol esouvill ewéi d'WHO-LimittLoft zu Nei-Dehli wéinst Freedefeier staark mat rengem Stëbs belaascht

AFP, iwwersat vun RTL
Nei-Dehli ass eng vun den Haaptstied mat der weltwäit schlechtster Loftqualitéit.
Loft zu Nei-Dehli wéinst Freedefeier staark mat rengem Stëbs belaascht
E Méindeg gouf an der indescher Haaptstad 59 mol méi rénge Stëbs an der Loft nogewisen, ewéi d'WHO als deeglech Limitt recommandéiert.

Fir dat hinduistesch Liichterfest Diwali ass an der indescher Haaptstad Nei-Dehli e ganze Koup Freedefeier gezünt ginn. Dat hat och e massiven Impakt op d'Loftqualitéit an der Stad. E Méindegmoie goufen an der Metropol 879 Mikrogramm renge Stëbs, sougenannte Feinstaub, pro Kubikmeter an der Loft nogewisen. Dat ass knapps 59 mol esouvill, ewéi den deeglechen Héchstwäert, deen d'WHO recommandéiert.

Nei-Dehli ass eng vun den Haaptstied mat der weltwäit schlechtster Loftqualitéit. D'Loft an der 90-Milliounen-Awunner-Metropol ass wéinst Ofgase vun Autoen an Industrie-Emissioune staark belaascht. Am Wanter gëtt et dacks Smog.

Fir d'Diwali-Fest hunn d'Autoritéiten e limitéierten Asaz vu bestëmmten Zorte Freedefeier, déi d'Loft net ze staark belaaschten, autoriséiert. Vill Leit hu sech allerdéngs net un d'Virgabe gehalen.

Back to Top
CIM LOGO