Europäesche Projet "CityClim"
Siwen nei Wiederstatiounen an der Stad Lëtzebuerg
Beim Fuerschungsprojet CityClim geet et drëms, Hëtztinselen an de Stied ze identifizéieren.
Mat Hëllef vun de gesammelten Donnéeën, Strategien a Servicer kënnen Urbanisten Stied an Zukunft besser op de Klimawandel virbereeden.
Dës Statioune moossen Temperatur a Loftfiichtegkeet an hëllefen zemools Daten, déi vun de Satellitte gemooss ginn, um Buedem ze confirméieren. Esou kann een domat och d’Bierger besser informéieren, wann eng Well vun der grousser Hëtzt op eis duerkënnt.
Méi Informatiounen iwwer CityClim fannt dir op Cityclim.eu.
Am meeschte gelies