Zu Bordeaux huet en Appellsgeriicht geurteelt, datt de Quartier "La Négresse", also d'Neegerin, an der franséischer Stad Biarritz ëmbenannt muss ginn.

Dëst wier e "rassisteschen a sexisteschen Numm", huet en Appellsgeriicht en Donneschdeg zu Bordeaux geurteelt. Den Ausdrock géing - onofhängeg vu senger Hierkonft - "haut ofwäertend op déi rassistesch Hierkonft vun enger Fra" verweisen, esou d'Geriicht. D'Bezeechnung kéint d'Dignitéit vun de Mënsche blesséieren. Si kéint vun Awunner oder Visiteuren als feindlech géigeniwwer Mënsche vun afrikanescher Originn ugesi ginn.

D'Geriicht huet d'Buergermeeschtesch vu Biarritz opgefuerdert, bannent dräi Méint de Schäfferot zesummen ze ruffen, fir den Numm ze änneren.

Zanter Mëtt vum 19. Joerhonnert huet de Quartier den Numm. Dëse soll op e Wiertshaus zréckgoen, dat vun enger schwaarzer Fra geleet gouf a vun den Zaldote vum Napoleon besicht gouf. Karikature vu schwaarze Frae goufen zanterhier dacks als Schëlder fir Butteker oder Evenementer am Quartier genotzt.

D'Decisioun bedeit eng Victoire fir de Veräin "Mémoires et Partages", deen d'Geschicht vun der Kolonialiséierung an dem Sklavenhandel opschafft. De Veräin hat déi konservativ Buergermeeschtesch vu Biarritz, d'Maider Arosteguy, virun der Klo ouni Succès no enger Ännerung vum Numm gefrot. E Verwaltungsgeriicht huet eng entspriechend Demande an éischter Instanz ofgewisen. D'Appellsgeriicht huet elo fir eng Ännerung gestëmmt.

De baskeschen Historiker Egoitz Urrutikoetxea setzt sech iwwerdeem dofir an, dem Quartier offiziell säi baskeschen Numm ze ginn, nämlech "Harausta", op Lëtzebuergesch "stëbseg Plaz".