Serie "Spirituellt Lëtzebuerg" - Deel 4Eng Quell fir de Poopst an eng Kapell vun den De Lannoy's

Monique Kater
D’Gemeng Wëntger zielt 22 Kierchen a Kapellen. Eng dovunner, eng Klaus, steet zu Helzen am Bësch a fir déi huet sech, wéinst der Quell donieft, 1474 schonn e Poopst intresséiert. An eiser Serie iwwer d’Spiritualitéit zu Lëtzebuerg steet awer och d’Clierfer d’Loreto-Kapell, déi 1762 vum Clierfer Grof de Lannoy, also der Famill vun eiser Grande-Duchesse Stéphanie, nei opgeriicht ginn ass.

Zwou national geschützte Kapelle mat intressante Geschichten

 D’Wuert Klaus kënnt aus dem laténgesche "claudere", wat zou, oder isoléiert heescht, an u sech op en Eremit verweist, deen do gelieft huet. Op d’Helzer Klaus passt dat perfekt! Ganz uewen am Éislek steet se, mat enger Baach niewendrun, déi d’Réimer scho veréiert hunn – vum Poopst krut d’Klaus du 1474 de Stempel "offiziell Pilgerplaz", an e puer Joer drop e formidaablen Opsaz fir op den Altor.

Dass op eemol den Henri Hamus do opdaucht, de fréiere Paschtouer aus der Kathedral, brauch een net ze wonneren. Hien ass en Helzer Jong a kennt den Altor! Sonndes mëttes koume si mat den Elteren heihinner. Déi hätten de Rousekranz gebiet an als Kanner wier hinne schonn emol d’Zäit laang ginn, erënnert hie sech - an dann hätte si, als Zäitverdreif, déi geschnëtzte Päerd gezielt. 10 sinn et der iwwregens!

Eent vun de bedeitendste Monumenter vu Lëtzebuerg gëtt viru 50 Joer geklaut

Den Altor-Opsaz sollt am Joer 1500 an eng Kierch heivir an der Belsch kommen, bis... jo bis d’Ochsen, déi de Won gezunn hunn, bei der Klaus stoe bliwwe sinn an net méi bougéiert hunn, zielt ee sech. Also blouf d’Schnëtzerei op eiser Säit vun der Grenz, fir an den 1970er ze verschwannen!

Altor geklaut, Staat gëtt erpresst a bezilt, léist dofir just nach eng Kopie an der Klaus

Den Historiker Alex Langini erënnert sech, dass grouss gesicht ginn ass – an den Altor fonnt gouf! Intresséiert an informéiert Kreesser wieren awer gewuer ginn, dass de Staat erpresst ginn ass, bezuelt huet an dat fir Lëtzebuerg ganz wäertvollt Stéck elo just nach als Kopie an der Klaus steet. Den Original ass hannert Gitter zu Helzen an der Kierch.

Am selwechte Kanton Clierf trount d’Loretokpell... am Juegd-Park vum Grof de Lannoy, Baron vu Clierf. En aus der Famill vun der Grande-Duchesse Stéphanie also! Et ass en Aachteck, an och dës Kapell, wéi den Altor zu Helzen, gouf opgeriicht zu Éiere vun der Muttergottes.

Loreto ass bis an d’19. Joerhonnert dee gréisste Pilgerzentrum zu Éiere vu Maria

Zu Loreto an Italien ass d’Haus vu Maria zu Nazareth geéiert ginn. D’Kapell zu Clierf steet fir dee Glawen a gouf vun engem Eremit, deen am Tuerm soll gelieft hunn, an der Rei gehalen an och si steet fir d’Roll vun der Muttergottes an der Kathoulescher Kierch.

Am 17. an 18. Joerhonnert hätt d'Kierch probéiert, wéinst Abusen, déi grouss Pelerinagen op Compostella oder Roum zum Beispill e Stéck ze briechen an duerch kleng, regional Pilgerplazen ze ersetzen, seet den Historiker Alex Langini.

Ganz intressant de Fait, dass d’Kapell ebe matzen am Juegdgebitt vun den de Lannoy’s louch. Hei war eng vun de Wëldschneisen, duerch déi d’Wëld virun d’Flënte vun de Jeeër gedriwwe gouf.

Déi beschriwwe Schneis am Bësch
Déi beschriwwe Schneis am Bësch
© naturpark-our.lu

Enn 1927 koum dee ganze Besëtz an d’Stee a gehéiert elo dem Staat, steet ënner Denkmalschutz an an d’Kapell kann een och Concerte lauschtere goen. Ouni dass se desakraliséiert ginn ass. Iwwregens: déi oval Form vun der Kapell ass typesch fir d’Frömmegkeet an d’Spiritualitéit vun der Barock-Zäit.

E Freideg huele mer Iech mat an d’Welt vun de Legenden, déi zu Veianen extra beléift waren!

Back to Top
CIM LOGO