Lescht Preparatioune lafen: Ma wat sinn d'Schwieregkeete vum Baue vun der Buerg?
Op ganze vill Plazen gëtt d'Traditioun vum Buergbrennen oprecht erhalen. Ma esou eng Buerg riicht sech net vun eleng op.
Um Samschdeg de Moie ware se zu Monnerech op de leschte Meter "Et ginn nach e puer Paletten opgeschrauft an da ginn d'Zelter an de Grill opgeriicht", seet den Tom van den Bossche vun de lokale Scouten. Si riichten hir Buerg ouni Maschinnen op an do brauch een eppes: Manpower. "Mir brauche vill Leit déi urappen", erzielt de Scout, wéi een am Hannergrond ka gesinn, wéi seng Kolleegen un der Buerg schaffen. Fir déi ideal Aarbechtsbedingungen muss dann nach eppes matspillen: D'Wierder. An dat ass dëst Joer op der Säit vun de Buergbauer. "Wann d'Sonn schéngt si mer méi séier, wann et reent ass et ëmmer e bësse méi schwéier," esou den Tom van den Bossche weider. Hiert Holz respektiv hir Palette kréie si dacks vun Entreprisen aus der Ëmgéigend, ëmmerhin ass Féiz, wou et vill Geschäfter an Entreprise gëtt, jo direkt d'Nopeschduerf.
Eriwwer op Suessem. Och do ass een haut fläisseg um buergbauen. D'Basis dofir gouf schonn e Freideg gesat, wéi d'Lena Rota vun de Suessemer Scouten erkläert. Hir Konstruktioun, opgebaut wéi eng Pyramid, hält sech selwer. "Et ass ouni Neel an ouni Schrauwe befestegt", esou d'Scoutin. Den Avantage dovun ass, datt nodeem d'Buerg ofgebrannt ass, do keng Neel méi leie bleiwen. D'Suessemer Buerg huet dann och eppes ganz Spezielles: D'Schlass am Hannergrond. "Mir si richteg frou, datt mir kënnen hei sinn", seet d'Lena Rota weider. "Et ass fir d'Éischt emol e schéine Site an et ass Plaz ronderëm, fir datt d'Leit d'Buerg vun alle Säite kënne kucken kommen.
Wann Dir um Samschdeg oder um Sonndeg Iech d'Buergbrennen an Ärer Géigend wëllt ukucke goen, mir hu fir Iech den Iwwerbléck, wou wéini gebrannt gëtt, hei zesummegefaasst.