D'Elteren hate kuerz net opgepasst an de Jong am Auto eleng gelooss, wouropshin hien op de Gas gedréckt huet.

Zu Bielefeld an Nordrhein-Westfalen war et e Sonndeg de Mëtteg zu engem Tëschefall op enger Spillplaz komm. Ee véier Joer ale Jong war mam Auto vu sengen Elteren duerch den Zonk gefuer an ass dann an eng Wipp gerannt. Wéi d'Beamten e Méindeg confirméiert hunn, goufen dobäi keng Persoune blesséiert an et wier beim materielle Schued bliwwen.

D'Police huet doropshin nach de Rappell gemaach, Kanner net ouni Opsiicht eleng am Auto ze loossen an och de Schlëssel net stiechen ze loossen.