Hätt Dir et gewosst? Den Erfinder vun den Chicken McNuggets war e Lëtzebuerger.

Fir de 40. Anniversaire vun der Fast-Food-Chaîne zu Lëtzebuerg presentéiere mir Iech den Erfinder vun den Chicken McNuggets. Dësen huet nämlech e Lien mam Grand-Duché.

Vum renomméierte Chefkach eriwwer bei Fast Food

De René Arend ass den 30. Dezember 1928 zu Wolz gebuer an huet zu Stroossbuerg um Collège Technique Hôtelier studéiert, wou hien 1952 als Beschten ofgeschloss huet. Seng kulinaresch Karriär huet hien am "Continental Hotel" zu Lëtzebuerg ugefaangen, éier hien 1956 an d'USA ausgewandert ass. No sechs Joer als Kach am luxuriéisen "Drake Hotel" zu Chicago, wou hie mat sengem "Suprême de Poularde Amphitryon" e gastronomesche Concours gewonnen huet, ass hie fir 14 Joer als Chefkach an de "Whitehall Club" gewiesselt.

Ënnert senge Gäscht am "Whitehall Club" waren ënnert anerem de Ray A. Kroc, Grënner vu McDonald's, an de Fred L. Turner, President a Gerant vum Fast-Food-Grupp. Scho fir seng Gefligelrezepter bekannt, huet de Kroc dem Arend, dee scho fir Perséinlechkeete wéi d'Kinnigin Elizabeth II, d'Sophia Loren oder de Cary Grant gekacht huet, ugebueden, bei McDonald's ze wiesselen, fir nei Produiten z'entwéckelen. "Ech si Chefkach, ech gleewen net un Hamburger", huet den Arend deemools geäntwert, wéi hie sech an engem Interview 1981 erënnert. 8 Joer huet et gedauert, bis de René Arend bei d'Fast-Food-Chaîne gewiesselt huet. Schlussendlech hätt hie sech awer geduecht, datt hien no de Leit kucke misst, déi et sech "net leeschte kënnen am Whitehall z'iessen". "Et ass méi befriddegend Millioune (Leit) gutt Iessen ze zerwéieren an zefriddenzestellen", sot den Arend 1985 an engem Interview mat der US-Zeitung "Toledo Blade".

RTL

© Olde Raleigh - N.C.

Vun Zwiwwelen eriwwer op Poulet

Zoustänneg fir d'Entwécklung vun neie Produiten an der Verbesserung vun existente Rezepter huet de René Arend fir d'éischt probéiert, "Onion Nuggets", also Nuggets aus Zwiwwelen, ze produzéieren. Bei engem Gespréich mam McDonald's President Fred Turner am Joer 1979 huet den Turner him awer geroden, d'Zwiwwelen ze vergiessen an op Poulet iwwerzegoen."No engem Dag voller Experimenter" hätt de René Arend dem Chairman "d'Chicken Nuggets op de Schreifdësch vum Chairman geluecht", heescht et weider am Interview mat der "Toledo Blade".

RTL

© AFP

Wärend den 18 Méint, déi et gebrauch huet, fir eng effizient Produktioun vun den Nuggets z'entwéckelen, huet de René Arend un Zose fir säi Menü geschafft. Am Ganzen huet hien eng 100 Stéck entwéckelt, vun deenen awer just dräi zréckbehale goufen. Am meeschten houfereg war hien op seng süß-sauer-Zooss, bei där d'Haaptzutat Aprikose-Konzentrat ass. Déi zwou aner waren d'Barbecue-Zooss, déi sech dem Arend no vu kommerziellen Zosen ënnerscheet an eng Zooss, déi zwou schaarf Moschterzorten op der Basis vun engem Zalotendressing kombinéiert. Et sollt awer bis 1983 daueren, bis d'Chicken McNuggets offiziell op d'Menüskaart an den USA koumen. Dat well "d'McNuggets esou gutt ukoumen, datt all d'Franchise se hu wollten" an et zu engem Engpass beim Poulet koum. International rauskomm, sinn d'Nuggets ee Joer méi spéit.

Gebuert vum McRib wéinst Engpass beim Poulet

Den Engpass u Poulet sollt awer zu engem weidere bekannte Rezept um McDonald's -Menü féieren. Well et net genuch Hénger gouf, fir mam enorme Succès vun den Chicken McNuggets matzehalen, huet McDonald's e weidere beléifte Produit gebraucht. D'Iddi fir de McRib war dem Arend komm, nodeems hien aus South Carolina zréckkoum, wou hien "Sandwiche mat Pulled Pork giess hat". "Ech sot mir: 'Eppes mat dësem Goût misst wierklech gutt ukommen."

Den Arend wollt awer net just e Pull-Pork-Bréitche maachen, hie wollt e Sandwich mat Schwéngefleesch ouni Schanken, bei deem d'Leit mengen, si géinge Rëppercher iessen. "Verschiddener soten: 'Firwat maache mir en net einfach ronn?' Dat wier méi einfach gewiescht. Mä ech wollt, datt e wéi e Stéck Rëppercher ausgesäit", sou den Arend weider. Och wann de McRib ufanks net esou gutt ukoum, huet deng Engpass u Poulet de Burger esou bekannt gemaach, datt e sech als eng vun de gréissten zäitlech limitéierten Attraktiounen an der Geschicht vum Fastfood etabléiert huet. Och haut heescht et all puer Méint nees: "De McRib ass zréck."

RTL

© AFP

"Mussen all eis Clienten zerwéieren"

Ugeschwat op d'Gesondheetsriske vun de Produite vu McDonald's huet de René Arend an engem Interview mat Buffalo News am Joer 1988 erkläert, datt "Liewensmëttelsécherheet liewenswichteg wier. D'Mënschen net krank ze maachen, steet ganz uewen op menger Lëscht". Fir de Mësserfolleg vu salzfräie Produiten z'erklären, sot de René Arend: "D'Leit soen, datt si sech gesond ernäre wëllen, mä mir si schliisslech eng Entreprise. A mir mussen all eis Clienten zerwéieren."

No engem Häerzinfarkt Enn den 80er Joen huet de René Arend no an no seng Positioun als Entwéckler op. 2004 ass hien endgülteg als Gerant zréckgetrueden, huet awer weiderhin als Chefberoder bei McDonald's geschafft. 2016 ass de René Arend am Alter vun 88 Joer zu Naperville am US-Bundesstaat Illinois gestuerwen - där Stad, an där hie 60 Joer virdru seng amerikanesch Aventure ugefaangen hat.

RTL

© John Kringas