Fréier brittesch Futtballprofi leeft a 60 Deeg queesch duerch Australien
© AFP
An enger Rekordzäit vu 60 Deeg ass d'Fran Hurndall queesch duerch Australien gelaf.
D'Hurndall ass no hirem Laf vun iwwer 3.800 Kilometer vu Perth un der Westküst e Sonndeg zu Sydney an der Ostküst ukomm. Am Zil ukomm sot si, si wier "midd awer glécklech". Mat dësem Laf huet si Spende fir Affer vun haislecher Gewalt gesammelt.
Déi kierperlech an och séilesch Ustrengung wier "net ze gleewen" gewiescht, esou déi 33 Joer al Sportlerin, déi den Aussoe vun hirer Ekipp no ënnerwee ënner anerem mat enger Blessur vun der Achillesseen a Bloderen un de Féiss, déi sech entzünt haten, ze kämpfen hat. "Wat ech duerchgemaach hunn, ass näischt am Verglach mat deem, wat Fraen, déi ënner haislecher Gewalt leiden, all Dag duerchmaachen".
Wéi et vun enger Spriecherin vun hirer Ekipp heescht, hätt d'Fran Hurndall 17 Deeg manner fir dës Streck gebraucht, wéi de Rekord vun hirer Virgängerin. Si wëll d'Leeschtung elo beim Guinness-Buch umellen.