An Zukunft dierf nach just ee Croisièresschëff pro Dag am Hafen uleeën

Dës Reegelung fir dës riseg Schëffer soll vun 2026 u gëllen. An et dierfen och just 6.000 Passagéier vum Schëff aus u Land goen.
Mat dëser Reegelung wäert een nach just ronn d'Hallschent vun de Schëffer, wéi dat aktuell de Fall ass, an d'Bucht loossen. D'Reegelung gëllt fir all d'Schëffer, deenen hir Capacitéit bei iwwer 3.000 Passagéier läit. Vun 2030 u sollen da just nach Schëffer zougelooss ginn, déi maximal 1.300 Passagéier u Bord hunn.
Den Hafe vu Cannes ass net grouss genuch, fir Schëffer an deene gréissten. Déi bleiwen dowéinst an der Bucht an d'Passagéier gi mat Shuttle-Booter u Land bruecht.
Et géif net drëm goen, fir d'Croisière komplett ofzeleenen, heescht et vun den Autoritéiten. Mä éischter dorëm, an Zukunft "méi kleng, ästhetesch, modern an ëmweltfrëndlech Unitéiten" ze begréissen.
De Verbänn vun den Ubidder vu Croisière bedauert dës Decisioun. Et wier eng "ongerecht Limitatioun" fir d'Branche, déi et Millioune Leit erméiglecht, d'Welt z'entdecken". Dës géifen dann och zu der Vitalitéit vun den Hafestied bäidroen.
2024 louchen 175 Croisièresschëffer mat am ganze ronn 450.000 Passagéier an der Bucht viru Cannes. D'Stad huet scho streng Ëmweltoplage fir dës riseg Booter. Sollten déi net agehale ginn, dierfen d'Touristen zu Cannes net u Land goen.
Och Nice huet d'Schëffer scho limitéiert op 65 pro Joer an dat just, wa si manner wéi 2.500 Leit u Bord hunn. Dës Reegelung gëllt fir den Hafe vu Villefranche-sur-Mer. Zu Nice selwer dierfe keng Schëffer, déi eng Capacitéit vun iwwer 450 Leit hunn, méi ankeren.