De Projet gouf vum BTS "Digital Content" aus dem Diddelenger Lycée lancéiert.

Mat der Campagne "Zéro mégots" wëll d’Stad Diddeleng d’Zigarettestëmp um Buedem lassginn. D'Iddi, wéi een d’Leit sensibiliséiere kann, kënnt vu fënnef Studenten aus dem Lycée Nic-Biever.

Am Kader vun hirem Brevet de Technicien supérieur "Digital Content", hu si mat der Gemeng Diddeleng zesummen e Flashmob virun der Märei organiséiert, wou de Public natierlech net ageweit war.

An dësem Flashmob gëtt e Fëmmert vun der Police festgeholl, well hien e Stomp op de Buedem gehäit huet, an dowéinst ugefaangen huet, mat brennen. Den Dënschdeg den 8. Juli war eng ganz spezielle Pressekonferenz, op där d'Press an all d’Acteuren nach eng Kéier zesummekomm sinn, fir sech d'Resultat nach eng Kéier unzekucken. Eng Campagne, déi méi Succès hat, ewéi ufanks ugeholl.