An de Stroosse vu Portofino gëlle vun e Dënschdeg un nei Reegelen. Biedelen a buerféiss trëppelen an ouni T-Shirt lafen, si vun elo u Passé.

Ma net just dat, och am Schwammgezei dorëmmer lafen, ass net méi erlaabt souwéi op ëffentlech Strooss Alkohol konsuméieren. Ma d'Reegele ginn nach weider, ënnersot ass donieft nach d'Sëtzen op engem ëffentleche Wee oder enger Mauer a wann ee sech mat Picknick-Kuerf, Wallissen oder Museksboxen ze laang op ëffentleche Plazen ophält, riskéiert een e Protokoll. Dat ka jee nodeem relativ deier ginn, tëscht 25 a 500 Euro riskéiert een.

Alles dat géif d'Rou an d'Erhuelung vun den Awunner an den Touristen an der exklusiver Vakanzendestinatioun stéieren an ass dohier vun en Dënschdeg un offiziell verbueden. Grad an de Summerméint wier Portofino besonnesch staark besicht. D'Aschränkunge gëllen deemno och bis den 30. September. Viséiert ass och haaptsächlech den historeschen Zentrum an den Hafeberäich.