Top-CEO gëtt op Concert beim Friemgoen erwëscht

© AFP
Wärend engem Coldplay-Concert war um groussen Ecran e bekannte Manager ze gesinn, deen eng Fra am Äerm hat. De Problem: et war net seng eege Fra.
Coldplay hu rezent zu Boston an den USA gespillt. Deen Optrëtt wollt sech och den Andy Byron, CEO vun der bekannter Tech-Entreprise Astronomer, net entgoe loossen. Zoufällegerweis gouf hie vun der Stadionkamera agefaangen an um groussen Ecran gewisen. De milliardeschwéiere Manager hat dee Moment grad eng blond Fra a sengen Äerm.
De Problem war awer, dass et net seng eege Fra war. Mee d'Cheffin vum Personalbüro vu senger Firma. Wéi se sech erbléckst hunn um Ecran, hunn déi Zwee sech séier wech gedréint. Awer ze spéit - de penibele Moment gouf vun anere Coldplay-Fans festgehalen, a mécht elo den Tour iwwer déi sozial Medien.
Lo hu se allebéid doheem eppes z'erklären, well och d'Cheffin vum Byron sengem Personalbüro ass bestuet.