Iwwer 10 Deeg gouf, eng 50 km vu Lëtzebuerg fort, a Frankräich, dat grousst Ballonsfest vu Chambley ofgehalen.

E Sonnden ass dee leschten Dag, un deem déi ronn 200 Piloten aus 18 verschiddene Länner nach mat hire faarwege Ballone kënnen duerch d'Loft fléien. Dëst Joer ass och erëm de Lëtzebuerger Pilot Claude Hermes beim Festival dobäi.

Nodeems de Startfluch um Freide Moie wéinst der Meteo ofgesot gouf, konnten d’Piloten dee leschte Weekend awer endlech mat hire Ballone fortfléien. Och d‘Spectateuren hu sech net vum Wieder stéiere gelooss a sinn zu vill op Chambley ugereest, fir de Ballonsspektakel ze erliewen.

Déi éischten Editioun vum „Mondial Air Ballons“ gouf 1989 vum Philippe Buron Pilâtre organiséiert. Zanterhier kann een all zwee Joer d’Ballonen iwwert der Lorraine beobachten. Dëst Joer gëtt et allerdéngs eng Neierung. Ab elo nennt de Festival sech „Enenvol, le Grand Est entre ciel et terre“.

De Lëtzebuerger, Claude Hermes, flitt zanter 23 Joer mam Ballon a war och schonn e puer mol zu Chambley dobäi. Fir hien ass et ëmmer nees flott esou no u senger Heemescht en Evenement, wéi dëst ze hunn a freet sech all zwee Joer kënnen dobäi ze sinn.

Als Pilot ass hien awer ni eleng ënnerwee. Eng Equippe um Buedem verfollegt de Claude a säi Ballon bis en iergendwann erëm um Buedem ukënnt. Et weess een als Ballonspilot meeschtens wou ee fortflitt awer ni esou genau, wou een erëm wäert landen.  Kloer ass awer, dass all Erliefnis am Ballon op seng eegen Aart a Weis besonnesch ass.

Wann alles gutt leeft kënnen d’Ballonen dëse Sonndeg eng leschte Kéier fir dëst Joer an der Géigend vu Metz starten. Et ass awer och nieft de Ballonen, um Buedem mat engem diverse Programm, fir gutt Stëmmung gesuergt. Weider Informatioune fannt dir hei