Keng Entschiedegung fir Mann, dee Kolleeg no Ballspill viru Geriicht geholl huet
E Mann, dee bei engem Spill an enger Schwämm zu Erlangen duerch e Ball blesséiert gouf, kritt no enger Geriichtsdecisioun keng Entschiedegung.
E Geriicht zu Erlangen a Bayern huet decidéiert, datt e Mann, deen e Kolleeg aus Versinn mat engem Ball um Kapp getraff huet, dësem keng Indemnitéite bezuele muss. D'Geriicht huet erkläert, datt d'Blessure vum Affer en typesche Risiko wieren, deen hien duerch seng Participatioun un engem Spill bewosst a Kaf geholl hätt.
Den Tëschefall hat sech an enger Schwämm zougedroen.
De Mann, dee säi Kolleeg ugeklot huet, hat sech fir d’éischt aktiv um Spill bedeelegt, dono huet hie sech awer mat enger Béier un de Bord vum Baseng gestallt. Obwuel hie vun hei weider de Ball zeréckgeheit huet, ass hien iergendwann vun engem Ball um Hannerkapp getraff ginn, wouropshin hie gefall ass a sech en Zant ofgebrach huet.
De Mann huet säi Kolleeg du viru Geriicht geholl, wou hien ënnert anerem 228 Euro fir d'Käschte vum Zänndokter a weider 2.250 Euro Schuedenersatz gefuerdert huet. Hien huet argumentéiert, datt hien däitlech gemaach hätt, net méi matzespillen.
D’Geriicht huet awer decidéiert, datt hien näischt kéint ufroen. Well hien och vum Bord weider de Ball zeréckgeheit hätt, wier hie sech dem Risiko vum Spill bewosst gewiescht. D’Geriicht konnt och net feststellen, datt de Kolleeg de Ball express op de Kapp gezielt hätt.
Obwuel de Mann fir d'éischt an Appell gaange war, huet hien dëse méi spéit zeréckgezunn, dat, well d'Geriicht hien iwwerzeege konnt, datt hie keng realistesch Chance hätt, ze gewannen.