21 Fallschiermsprénger briechen de Weltrekord am Nuecht-Sprangen
Zu Zweebrécken hunn 21 vun den erfuerenste Fallschiermsprénger aus der Regioun de Weltrekord am Nuecht-Sprange gebrach, dorënner och eng Lëtzebuergerin.
D’Lëtzebuergerin Kaatje Claes ass eng vun den 21 Fallschiermsprénger, déi sech beim Skydive Zweebrécken Rendez-vous ginn hunn, fir e Weltrekord am Nuecht-Fallschiermsprangen opzestellen. Zanter 15 Joer huet si hir Lizenz fir Fallschierm ze sprangen an 11.14 Spréng huet si schonn hannert sech. Esou e Rekordversuch wier trotzdeem ëmmer eppes Besonnesches, erkläert d’Kaatje: "Ech sinn ëmmer e bëssen nervös, well en Nuecht-Sprong ass schonn net dat nämmlecht wéi en Dagessprong. Et muss ee gutt virbereet sinn, et brauch e gudde Briefing an alles."
Et ass fir d’Véiert, dass de Philipp Exner esou e Rekordversuch organiséiert. Hie freet heifir geziilt déi bekanntste Fallschiermsprénger aus der Zeen un. Dës hunn am Schnëtt 22 Joer Erfarung a scho 5.000 Spréng hannert sech. Dräi Mol hu si de Rekord scho gebrach, d’lescht Joer huet d’Wieder hinnen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

© Erik Lorenz
Op dësem Dag waren d’Wiederkonditiounen optimal. Mat den zwou Formatiounen, déi se an der Nuecht gespronge sinn, hunn déi 21 Sprénger also gläichzäiteg en neien däitschen, europäeschen an en neie Weltrekord opgestallt. Wien deen zukünfteg toppe wëll, muss dat nämmlecht entweder mat méi Sprénger hikréien oder méi Formatioune maachen.