
Den Charles III. wëll als éischte brittesche Kinnek oppeleeën, wéi vill Steieren hie bezilt. Zil vum Buckingham Palace wier eng gréisstméiglechst Transparenz, an et wier de Kinnek selwer, dee sech dëse Schrëtt ausdrécklech gewënscht hätt, heescht et. Brittesch Monarchen mussen, dem Gesetz no, keng Akommessteier, keng Ierfschaftssteier a keng Steieren op Kapitalerträg bezuelen. D'Queen Elizabeth II. hat 1993 domadder ugefaangen, fräiwëlleg Steieren ze bezuelen.
Dat brittescht Kinnekshaus war wéinst de Verwécklunge vum Prënz Andrew an den Epstein-Skandal an der Lescht nees méi kritiséiert ginn.