A China huet den traditionelle Festival vun den Draachebooter ugefaangen. Dëse fält ëmmer op de 5. Dag vum 5. Mount am chineesesche Moundkalenner. An eisem gregorianesche Kalenner ass en déi Kéier tëscht dem 19. an dem 21. Juni.
Extra fir d'Occasioun hu se elo an der Provënz Guizhou en Draacheboot gebaut, dat 108 Meter laang ass. Méi wéi dausend Leit hunn déi impressionant Konstruktioun duerch d'Stroosse vun der Stad Shibing gedroen.
Nieft dem Neijoersch- an dem Moundfest gehéiert de Festival vun den Draachebooter zu den dräi wichtegsten traditionelle Fester am chineesesche Kulturraum a gëtt haaptsächlech am Süde vum Land begaangen. Zanter 2009 steet d'Fest op der UNESCO Lëscht vun den immaterielle Kulturierwen.