Eng legendär Ikon um Himmel De Goodyear-Zeppelin iwwer Lëtzebuerg

Caroline de Plaen
Op senger Rees duerch Europa huet De Goodyear-Zeppelin och Lëtzebuerg iwwerflunn.
Goodyear Blimp war e Mëttwoch iwwer Lëtzebuerg ze gesinn
Nom Asaz bei der 24 Stonne Course vu Le Mans war de Blimp iwwer Europa ënnerwee.

E Spektakel um Himmel

Dëse Summer huet een zu Lëtzebuerg e ganz besonnesche Flug-Objet gesinn: de Goodyear-Zeppelin.

Dat grousst Loftschëff, dat ee virun allem vu Sport-Evenementer an aus den USA kennt, war kuerz iwwer dem Grand-Duché ze gesinn, e rare Moment, deen esou muncher een net wollt verpassen.

En Abléck aus der Loft

D’Caroline De Plaen vun der RTL-Social-Media-Ekipp war mat dobäi an huet de Fluch aus der Loft materlieft. Si krut d'Chance, an dësem aussergewéinleche Loftschëff matzefléien an d'Welt aus enger Perspektiv ze entdecken, déi een net all Dag huet.

Roueg iwwer d'Landschaft schwiewen, ouni ze vill Kaméidi. Eng Erfarung, déi sech däitlech vun engem Fliger ënnerscheet.

Eng Traditioun zanter iwwer 100 Joer

De Goodyear-Zeppelin huet eng laang Geschicht. Zanter den 1920er Joren ass en ëmmer nees um Himmel ze gesinn an huet sech zu enger richteger Ikon entwéckelt. Besonnesch bei grousse Sport Evenementer gëtt en agesat , net nëmme fir Reklamm, mee och fir Loftopnamen.

Firwat flitt den Zeppelin iwwer Europa?

Dëse Summer ass de Goodyear-Zeppelin iwwer Europa ënnerwee, ënner anerem am Kader vun Eventer ewéi de 24 Stonnen vu Le Mans. Op senger Rees duerch Europa huet en och Lëtzebuerg iwwerflunn. Eppes, wat net all Joer passéiert an e Moment, deen am Kapp bleift.

Back to Top
CIM LOGO