Universitéit InnsbruckLëtzebuergerin ass Wirtschaftsstudentin vum Joer

Tom Nols
Mam Titel "Student of the Year in Management and Economics" ass d'Laura Lentz ausgezeechent ginn. D'Lëtzebuergerin krut fir déi Auszeechnung eng Primm vun 1.500 Euro.
D'Laura Lentz bei der Auszeechnung als Wirtschaftsstudentin vum Joer
D'Laura Lentz bei der Auszeechnung als Wirtschaftsstudentin vum Joer
© Universität Innsbruck

D'Auszeechnung "Student of the Year in Management and Economics" gëtt all Joers vun der Universitéit Innsbruck verginn. Sech dofir umellen dierfen all Bachelor-Studenten aus de Wirtschaftswëssenschafte Management and Economics an aus den internationale Wirtschaftswëssenschaften. Viraussetzung fir d'Auszeechnung sinn, nieft exzellenten akadeemesche Resultater, och gesellschaftlecht a soziaalt Engagement. De Jury huet sech dëst Joer fir d'Kandidatur vun der Lëtzebuerger Studentin Laura Lentz decidéiert.

Zanter 2023 studéiert si zu Innsbruck international Wirtschaftswëssenschaften. An deem Kader war d'Lëtzebuergerin d'lescht Joer och fir en Auslandssemester op de University College Dublin. Nieft hiren Etüden engagéiert sech d'Laura Lentz zanter zwee Joer als Student Ambassador am Kader vun der Aurora European University Alliance a schafft dobäi aktiv an internationale Kooperatiounen tëscht Héichschoule mat. Eng Excursioun op Bréissel an d'Participatioun un der Erasmus+ Veranstaltung "Generation for the Earth" zu Roum hätten hiert Bewosstsinn fir de Klimaschutz a verantwortungsvollt Wirtschafte verdéift, sou d'Universitéit an engem Communiqué.

Donieft ass d'Laura Lentz zanter méi wéi engem Joer Comitésmember vum Akademischen Börsenverein Innsbruck, an deem si als Head of Marketing responsabel ass fir d'Kommunikatioun vum Veräin. An Zäite vu globale Konflikter, Onsécherheet a méi Polariséierung ass d'Engagement vun der Studentin fir en Zesummenhalt an Europa an eng nohalteg Entwécklung ausgezeechent ginn, sou de Markus Walzl, Member vum Jury an Dekan vun der Fakultät für Volkswirtschaft und Statistik.

Back to Top
CIM LOGO