
Deen eenzegen Hiweis, deen et bis elo gëtt: si haten näischt am Mo.
Déi zoustänneg Beoptraagt am Ëmweltministère Carmen Leizagoyen sot e Freideg der Noriichtenagence AFP géintiwwer, et handelt sech zu 90 Prozent ëm jonk Magellanpinguinen, déi am Atlantik ëmkomm wieren an dann un d’Stränn an de Regiounsbezierker Canelones, Maldonado a Rocha ugeschwemmt gi sinn.
Déi nach jonk Déieren hate keng Fettreserven an eidel Mee. D’Ursaache fir d’Massestierwe waren am Ufank nach komplett onkloer. Bei kengem vun de Kadaver wier de Vullegripp-Virus nogewise ginn, sou nach d’Carmen Leizagoyen.
Magellanpinguine bréien am Süde vun Argentinien hir Kleng aus. Am Wanter wandere si op der Sich no Fudder a manner kal Gewässer a loosse sech dann a Brasilien néier, dem Nopeschland vun Uruguay.

“Et ass normal, dass e gewësse Prozentsaz stierft, awer net esou eng Zuel”, betount d’Leizagoyen. Hiren Informatiounen no war en änlecht Punguin-Stierwen d’lescht Joer a Brasilien festgestallt ginn. Och do wieren d’Grënn bis haut onbekannt.
Ëmweltschützer no leiden d’Pinguinen ëmmer méi un der Iwwerfëschung vun de Mierer. De Richard Tesore vun der Organisatioun SOS Rescate Fauna Marina huet och op e Stuerm am Atlantik verwisen, dee méiglecherweis zum Doud vu ville schwaachen Déiere geféiert hätt. Ausser Pinguine goufen dem Tesore no an de leschten Deeg och doudeg Séivigel, Mieresschildkröten a Séiléiwen un d’Stränn vu Maldonado geschwemmt.
De Chef vun der Ëmweltorganisatioun Ambiente de Rocha, de Rodrigo García, huet d’Ariichte vun engem Mieresschutzgebitt gefuerdert. “De Pinguin weist eis d’Spëtzt vum Äisbierg vun enger schlëmmer Situatioun, déi de komplette Südweste vum Atlantik wéinst illegaler, net registréierter an ongereegelter Fëscherei erlieft”, sou seng Erklärung.