Am Naturmusée leeft aktuell d’Expo "AnimalECH". Hei geet et ëm d'Relatioun tëscht Mënsch an Déier, mat och puer Déiere viru Geriicht. Am Pisa läit de Fokus op der Mustik. De Biolog Alexander Weigand erkläert firwat dës "gefährlichsten Tiere auf der Welt" fir eis Ökosystemer ganz nëtzlech sinn. Mustikelarve sinn zum Beispill eng Narungsquell fir Libellen a Fräschen, an erwuesse Mustiken droen zur Bestëbsung vu Planze bäi.
Mustike ginn haaptsächlech ugezunn duerch CO2 a Schweessgeroch, net duerch séisst Blutt. Räucherstäbecherstäbchen hëllefe just an zouene Raim. Dobausse gëtt de Geroch ze staark verdënnt. Besser ass e Ventilator, well en eis CO2-Spuer verwëscht. Dat typescht "Summen" entsteet duerch d'Fluchmuskulatur, si mécht en Toun, mat deem Mustike matenee kommunizéieren.