Déi éischt Petziklinik am CHL"Da gesinn ech, dass mäin Doudou dat och hat an da muss ech keng Angscht hunn"

Lea Schwartz
E bësse méi speziell Patienten waren dës Woch am CHL: Si haten e muussege Pelz, Watt amplaz Blutt an Nimm wéi "Paerdi", "Lulu" oder "Pipo".
Am CHL konnte Kanner mat hire Petzie kommen a kruten den Oflaf an enger Klinik gewisen.
Am CHL konnte Kanner mat hire Petzie kommen a kruten den Oflaf an enger Klinik gewisen.
© RTL Lëtzebuerg

D'Petziklinik ass ee Konzept, dat ee schonn aus anere Klinicken am Ausland kennt. D'Zil ass et op eng spilleresch Aart de Kanner d'Angscht viru Klinicken an Dokteren ze huelen.

Wann een an eng Klinik muss, dann ass dat meeschtens well ee sech net gutt spiert oder sech wéi gedoen huet. Grad Kanner kënnen dann emol fäerten oder sech onwuel fillen, wat d'Aarbecht vum medezinesche Personal net onbedéngt méi einfach mécht.

"Et muss ee lauter Strategien hunn, fir Kanner unzespriechen, déi sécher net wëllen do sinn. An eis sécher net wëlle gesinn", erkläert d'Kannerdoktesch Charlotte Pierron, déi de Projet Petziklinick geréiert huet. "Et hëlt ee sech Zäit, schwätzt mat hinnen, lenkt si of."

Duerch d'Petziklinick sollen d'Kanner d'Welt vum Spidol op eng aner Manéier kenneléieren. Si sinn net krank a kënnen a Rou den Oflaf an d'medezinescht Personal kenneléieren.

Et war déi éischte Kéier, dass esou eppes am CHL organiséiert ginn ass. Am ganzen hu 35 Infirmieren, Psychologen, medezinescht Assistenzpersonal fir d'Radiologie a Kannerdoktere matgemaach.

Si waren op néng Ateliere verdeelt, déi änlech opgebaut waren, wéi wann een an d'Urgence kënnt an eng Diagnos gestallt kritt.

An dräier Gruppe sinn d'Kanner duerch de Parcours gaangen a goufen do begleet vu Benevolle vun der asbl Pimpampel. Knapp zwou Stonnen huet d'Aktivitéit gedauert.

D'Plaze waren direkt ausgebucht a 55 Kanner an hir Petzie konnten esou d'Klinick eng Kéier anescht kenneléieren.

An dat hätt och gehollef, wéi eis eent vun de Kanner erzielt: "Da gesinn ech, dass mäin Doudou dat och hat an da muss ech keng Angscht hunn."

Back to Top
CIM LOGO