D'Kanner hu gebastelt, experimentéiert a gefuerscht. Um 11. "Fuersch duer um Naturparkfest" am Naturpark Our zu Housen ass et de ganzen Dag iwwer vill z'entdecke ginn. A méi wéi 25 Atelieren a Statioune konnten d'Visiteure selwer mat upaken an dobäi op spilleresch Manéier eppes iwwer Natur, Ëmweltschutz a Wëssenschaft léieren.
Nieft ënner anerem Naturprinten, Bastelatelieren oder Smoothie-Workshops stoung och d'Fuerschung am Fokus. Am Planetarium an duerch Teleskope konnten d'Visiteuren en Abléck an d'Welt vun de Stären a Planéite kréien. Science-Shows an aner Animatiounen hunn de Programm ofgeronnt.
Mam Fest wëllt de Naturpark Our seng Aarbecht méi no un d'Leit bréngen. Themen ewéi Natur- an Ëmweltschutz, Klima, Energietransitioun, awer och Kultur a Geschicht solle fir Kanner a Familljen erliefbar gemaach ginn, erkläert den Organisateur vum Fest, de Partick Schaak vum Natuerpark Our. D'Zil ass, d'Kanner duerch praktescht Erliewe fir dës Themen ze begeeschteren an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, dat Geléiert mat Heem an an d'Schoul ze huelen.
Organiséiert gëtt d'Naturparkfest vum Naturpark Our mat Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche (FNR). Nieft de ville Workshops hu Partner aus de Beräicher Natur, Fuerschung an Educatioun zum Programm bäigedroen.