Videospiller gehéiere fir vill Kanner zum Alldag. Wéi si dobäi sécher a bewosst mat de méigleche Risike kënnen ëmgoen, stoung dës Woch am Mëttelpunkt vum DigiRallye vun BEE SECURE. A verschiddenen Ateliere léieren d'Kanner aus de Maison Relaisen dobäi op eng spilleresch Manéier, wéi eng Geforen et beim Gaming gëtt a wéi si domat sollen ëmgoen. An insgesamt siwen interaktiven Ateliere geet et ënner anerem ëm d'Sécherheet beim Online-Spillen, ëm Akeef an de Videospiller an ëm exzessiivt Spill-Verhalen,erkläert d'Elise Laera vu Bee Secure. Si ass responsabel fir d,Organisatioun vum DigiRallye:
"Ënnert Anerem alles wat mat Chatgeschichten ze dinn huet, dat heescht zum Beispil l'Grooming'. Mir mussen de Kanner och ëmmer erklären, dass si net wësse mat wiem si schreiwen, si wëssen net, wie sech wierklech hannert enger Profilfoto verstoppt. Et ass och vill mat 'In-App-Einkäufe', dat heescht alles wat Sue sinn an de Spiller, well et gi bal keng Spiller méi, wou een net eppes ka kafen."
BEE SECURE wëll de Kanner d'Videospiller dobäi net verbidden oder schlecht rieden, mee hinne weisen, wou Risiken entstoe kënnen. Dobäi gëtt net nëmmen nogelauschtert, mee virun allem selwer op eng spilleresch Manéier ausprobéiert.
"Bei de Kanner muss een et eeben halt ëmmer spilleresch ugoen, a wierklech ganz interaktiv a ganz konkret sinn. Zum Beispill fir 'In-App-Einkäufe' proposéiere mir hinne wierklech konkret. eppes ze kafen, hinnen nëmme limitéiert Sue ginn, a si da musse kucken, domat eens ze ginn. An da maache mir hinne Promotiounen, mir lackelen si wierklech u fir méi ze kafen an duerno schwätze mir mat hinnen driwwer."
BEE SECURE riicht sech dobäi bewosst u Kanner tëscht 8 an 12 Joer. Vill vun hinne komme schonn an deem Alter mat Risiken aus der digitaler Welt a Kontakt. Wat si dobäi schonn erlieft hunn a wat si elo doriwwer geléiert hunn, erzielen d'Kanner selwer:
"Leit froe mech heiansdo: 'wou wunns du?' An esou Saachen."
"Leit, déi mir schreiwen, déi ech net kennen. Een huet mir ugeruff, ech hunn natierlech net zréck ugeruff, well ech weess jo net, wien et war. Ech hunn net d'Tendenz, Suen online auszeginn."
"Eng Kéier krut ech geschriwwen, mee ech hunn dat mengen Eltere gewisen, a si soten: 'ignoréier dat a schreif einfach näischt méi zeréck'."
"Dass een net ze vill soll kucken, well dat kann an den Ae wéi doen, an am Gehier."
"Dass een net alles soll gleewen, an net op alles soll agoen."
Genee dat wëll den DigiRallye erreechen: De Kanner d'Videospiller net verbidden, mee hinnen e sécheren a bewossten Ëmgang domat mat op de Wee ginn.