Loscht op Glace?Och zu Lëtzebuerg ginn artisanal Glacen a Sorbeten hiergestallt

Valentine Patry
3,3 Milliarde Liter Glacë goufen 2024 an der EU produzéiert an och zu Lëtzebuerg ginn et Entreprisen, déi sech op déi artisanal Produktioun spezialiséiert hunn.
Och zu Lëtzebuerg ginn artisanal Glacen a Sorbeten hiergestallt
3,3 Milliarde Liter Glacë goufen 2024 an der EU produzéiert an och zu Lëtzebuerg ginn et Entreprisen, déi sech op déi artisanal Produktioun spezialiséiert hunn.

Scho viru méi wéi 2000 Joer goufen am ale China an am Noen Osten Virleefer vun der Glace consomméiert: Schnéi an Äis aus de Bierger gouf mat Friichten, Hunneg oder Gewürzer vermëscht.

D'Rezept vun der Glace - esou wéi mir se haut kennen - huet sech am Laf vun der Geschicht entwéckelt. Am 19. Joerhonnert mam Erfanne vun der Sorbetière an dem Frigo huet d’Glace e grousse Boom erlieft a begeeschtert zanterhier iwwerall ronderëm d’Welt.

Back to Top
CIM LOGO