Ass een dëse Méindeg 16. Mee mat Zäiten opgestanen, da konnt een Zeie gi vun engem raren Himmelsspektakel. Ganz fréi um 3.30 Auer eiser Zäit huet sech de Mound nämlech lues a lues an den Hallefschiet vun der Äerd geluecht.
Eng Mounddäischtert gëtt et nëmme bei Vollmound an nëmmen dann, wann d’Sonn, d’Äerd an de Mound genee an enger Linn stinn. Domadder steet d’Äerd da genee an der Mëtt vun deenen zwee a sou gëtt de Mound lues a lues vun engem groe Schleier verdeckt, eben de Schied vun der Äerd.
Leider konnte mir hei an Europa awer nëmmen an de Genoss vun enger partieller Mounddäischtert kommen, well duerno d’Sonn bei eis opgaangen ass. Anescht huet dat awer a Süd- an Nordamerika ausgesinn. Do konnten d’Leit sech iwwert en eenzegaartegt a wonnerbaart Spektakel um Himmel freeën.