D’Internet-Säit ass esou opgebaut, datt een no an no léiert mat verschiddenen Applikatiounen ëmzegoen.
“Déi Leit, déi en nach ni mat der KI a Verbindung waren, déi kënnen eebe ganz kleng ufänken an déi kënnen och ganz grouss eropkommen. Also et geet u sech, et ass integrativ, et ass fir jiddwereen”, seet de Matgrënner Claude Schuler.
Op ki-leierbud.lu kritt een d’Geschicht vun der Kënschtlecher Intelligenz erkläert, an engem Quiz muss een erausfannen, wéi eng Biller vun der KI generéiert goufen, eng Applikatioun schreift Gedichter a jiddweree kann och mat just e puer Klicks éischt Biller erstellen.
De Papp hannert dëser Plattform ass de Marco Barnig, dee sech schonn zënter gutt 50 Joer mat Kënschtlecher Intelligenz beschäftegt. De Lancement vun der KI-Léierbud war elo just deen éischte Schrëtt. D’Plattform soll sech permanent weiderentwéckelen, seet de Grënner.
“All Woch hu mer wëlles, do nei Saachen dobäizesetzen, dann natierlech och de Feedback ze kucke vun de Leit, déi et benotzen an unhand vun deem da kucken, wéi et weidergeet.”
Zum Beispill soll elo geschwënn eng Applikatioun bäikommen, mat där ee ka Musek erstellen.
