Zu Käerch war et um 18:11 Auer esou wäit: D’Gemeng gouf gestiermt an de Buergermeeschter Dan Wirth huet de Schlëssel vun der Gemeng un d’Fuesgecken iwwerreecht. Domat ass d’Muecht fir déi geckeg Zäit, op d’mannst symbolesch, an den Hänn vun de Fuesgecken.
An zu Käerch gëtt et dëst Joer och nees genuch Grond, sech op d’Fuesent ze freeën. De 27. Februar 2027 steet hei déi drëtt Nuetskavalkad um Programm.
D’Fuesent soll awer net eréischt mam Cortège lassgoen. Scho freides owes ass den Optakt geplangt, an de ganze Weekend iwwer soll zu Käerch gefeiert ginn.