WM-OrakelOrang-Utan Walter an Elefant Tarak tippen op däitsch Victoire

Tom Nols
Fir den Optakt vun der däitscher WM-Aventure hunn zwee Déieren am Kölner Zoo eng däitsch Victoire géint Curaçao virausgesot. Op d'mannst interpretéieren hir Fleeger d'Resultater mol sou.
Orang-Utan Walter an Elefant Tarak tippen op däitsch Victoire géint Curaçao
Fir den Optakt vun der däitscher WM-Aventure hunn 2 Déieren am Kölner Zoo eng däitsch Victoire géint Curaçao virausgesot.

E Sonndeg Owend fänkt fir déi däitsch Futtballnationalekipp d'Weltmeeschterschaft 2026 un, wa se um 19 Auer op Curaçao trëfft. Am Virfeld dovun hunn am Zoo vu Köln zwee Déieren d'Roll vum WM-Orakel iwwerholl.

Den Elefant Tarak sollt de Gewënner vun der Partie viraussoen, andeems hien op ee vun dräi Bäll trëppelt. Ee fir Däitschland, ee fir Curaçao an een Neutrale fir e Gläichspill. Den Tarak ass riicht op den däitsche Ball zougaangen an huet dëse platt gedréckt. Senger Fleegerin no wier dat en Zeechen dofir, dass d'Mannschaft mat engem Knall wäert gewannen. Dass vun Ufank un d'Loft eraus wäert sinn, kéint et natierlech awer och bedeiten.

Den Orang-Utan Walter hat d'Aufgab, sech aus zwou Këschten, an deenen Iessen dra war, de Gewënner vum Match erauszesichen. Allerdéngs hat keen domat gerechent, dass de Walter sech déi zwou Këschte géing mat a säi Bamhaus huelen. Do huet den Af fir d'éischt d'Këscht vu Curaçao eidel gemaach. Säi Fleeger huet dat esou ausgeluecht, dass Däitschland den ongewéinleche Géigner "vernasche" wäert.

Ganz Däitschland "orakelt"

Donieft ginn et an Däitschland weider Déieren, déi als WM-Orakel hierhale mussen. Zu Münster am Allwetterzoo huet den Ameisenbär Taio Wierm aus der Fläsch gesuckelt, déi fir e Gläichspill stoung.

Am Zoo vu Leipzig gëtt et souguer en "Arakel", deen aus verschiddene Gattungen Ara-Vigel besteet. D'Papageie ware sech eens, dass Däitschland gewanne wäert, wéi se aus engem Lousdëppen e Weideball mam däitsche Fändel erausgepickt hunn.

Ob Tarak, Walter, Taio a Co, zesumme mat hire Fleeger, Recht behalen, gitt Dir e Sonndeg den Owend vun 19 Auer u gewuer, wann Däitschland op Curaçao wäert treffen.

Back to Top
CIM LOGO