
Ënnert de 25 Participanten, déi um "Antarctic Ice Ultra" Laf fir Extreemsportler deelgeholl hunn, war och en humanoide Roboter. Bei -24 Grad Celsius goung et lass an dem "Questr", sou den Numm vum Roboter, war et wuel och kal, well souguer hien hat eng Thermo-Jackett un. Déi war net vu Muttwëll. Dem Questr ass, no guddem Ufank op der Streck duerch dat éiwegt Äis, séier de Jus ausgaangen. No dräi Kilometer ware seng Batterië platt. D'Jackett war warscheinlech net déck genuch, fir d'Akkuen ze wiermen.
Déi aner Leefer hu sech mat waarmem Iessen a Gedrénks kënne stäerken an hunn esou déi verschidde Strecke vu 50, 80, 100 an 160 Kilometer an Ugrëff geholl. De Chinees Yusheng Ni ass déi 160 Kilometer an enger Zäit vu 17 Stonnen, zwou Minutten a 24 Sekonne gelaf, wat en neie perséinleche Rekord duerstellt.