
De franséische Schauspiller Omar Sy, deen an den USA lieft, muss sech den 30. November zu Paräis wéinst presuméierter Gewalt géint eng Amtspersoun viru Geriicht veräntwerten. Dat huet d'AFP e Méindeg aus informéierte Kreesser héieren. Deemno steet hien am Verdacht, am Mee 2025 e Mataarbechter vun der franséischer staatlecher Bunn SNCF attackéiert ze hunn. Méi konkret soll den Omar Sy sech wéinst der Flicht vun engem Maulkuerf fir säin Hond mat engem Schaffner ugeluecht hunn. D'SNCF hat nom Virfall vun enger "Ausernanersetzung" a Menacë géigeniwwer engem Zuchbegleeder geschwat.
Engem Bericht vun der Zeitung "La Provence" no wier de Sy mat enger Rei Zuch-Mataarbechter uneneegeroden, déi hien op d'Flicht fir e Maulkuerf fir säin Hond higewisen hätten. Dobäi soll de Sy Beleidegungen an Doudesmenace geäussert hunn. De Konflikt hätt op der Paräisser Gare de Lyon ugefaangen a wier da wärend dem Trajet weidergaangen.
De Sy hat sech schonn 2018 an 2011 wéinst der Flicht fir e Maulkuerf fir Hënn mat Zuchmataarbechter ugeluecht. 2011 war de Schauspiller, dee fir den Erfollegsfilm "Intouchables" an d'Serie "Lupin" bekannt ass, kuerzzäiteg op der Gare de Lyon festgeholl ginn. Säin deemolegen Affekot huet deemools vu "Gewaltdoten a Muechtmëssbrauch" géint hie geschwat.