Och vill Lëtzebuerger dobäiDausende Leit hunn Optakt vu Fuessaison an Däitschland gefeiert

Samantha Weber
An de Fueshéichbuerge Köln, Düsseldorf a Mainz sinn e Mëttwoch nees Dausende "Jecken" mat Alaaf an Helau an déi fënneft Joreszäit gestart.

Pünktlech um 11:11 Auer hunn e Mëttwoch an de Fueshéichbuerge laanscht de Rhäin Dausende Leit den Optakt vun der Fuessaison gefeiert. Mat Alaaf an Helau sinn "d'Jecken" ënnert anerem zu Köln, Düsseldorf a Mainz an déi fënneft Joreszäit gestart.

Zu Köln gëtt dës Saison ënnert dem Motto "Morje es, wat do drus mähs", also "Muer ass, wat du doraus mëss", gefeiert. Zu Düsseldorf ass um 11:11 Auer den "Hoppeditz" aus sengem Moschterglas geklommen. Hei steet d'Fuesent ënnert dem Motto "Fuesent - Ouni Grenze vereent".

Zu Mainz hunn d'Fuesgecken den Optakt vun der Fuesnuecht traditionell op der Schillerplaz gefeiert, dat ënnert dem Motto "D'Schwellköpp in de Fassenacht gehör'n zu Meenz wie's singt und lacht", also "d'Schwellkäpp an der Fuesnuecht gehéieren zu Mainz wéi et séngt a laacht". Déi sougenannte "Schwellköpp" sinn iwwerdimensional Käpp aus Papiermâché, déi dëst Joer hiren 100. Anniversaire feieren.

Och vill Lëtzebuerger si bekanntlech Fuesgecken a reesen extra fir den Optakt vun der fënnefter Joreszäit an Däitschland. Um Radio hat de Jean-Marc Turmes fir den Optakt um 11:11 Auer d'Lëtzebuergerin Sammy vu Köln bäigeschalt. Wéi de Start an déi fënneft Joreszäit an der Domstad kléngt, fannt Dir hei eraus:

D'Sammy live fir den Optakt vun der Fuessaison zu Köln

Den Ufank vun der Stroossefuesent op "Weiberfastnacht" fält op de 4. Februar 2027 a Fuesméindeg op den 8. Februar 2027. Op Äschermëttwoch ass d'Fuessaison dann offiziell eriwwer, och wann et op ville Plazen dee Moment nach Fuesbaler gëtt, ënnert anerem bei eis am Land.

Back to Top
CIM LOGO