Buenos AiresPoopst Leo XIV. hält Mass virun zwou Millioune Gleeweger

RTL mat AFP
An der argentinescher Haaptstad hält de Pontifex ënner fräiem Himmel eng sougenannte "Mass fir d'Familljen".
Ronn zwou Millioune Leit hu sech zu Buenos Aires versammelt, fir um Leo XIV. senger Mass deel ze huelen.
Ronn zwou Millioune Leit hu sech zu Buenos Aires versammelt, fir um Leo XIV. senger Mass deel ze huelen.
© JUAN MABROMATA/AFP

Den Autoritéiten no hu sech an der argentinescher Haaptstad Buenos Aires ronn zwou Millioune Mënsche versammelt, fir ënner fräiem Himmel un enger Mass vum Poopst Leo XIV. deel ze huelen. De ganzen Dag laang sinn d'Pilger an d'Parkanlage vum Staddeel Palermo gestréimt, wou eng Rei grouss Ecranen opgeriicht sinn. Mat senger "Mass fir d'Familljen" wëllt de Pontifex d'Bedeitung vun der Famill ervirhiewen.

No senger Arrivée an Argentinien hat de Poopst Kritik geäussert um ultrarietse President Javier Milei senge Spuermoossnamen. Dat südamerikanescht Land ass dem Chef vun der kathoulescher Kierch seng zweet Statioun op senger 12 Deeg laanger Rees duerch Latäinamerika, déi an Uruguay ugefaangen huet. No Argentinien wäert de Leo XIV. och de Peru besichen, wou hie viru senger Wiel zum Poopst bal zwee Joerzéngte laang als Missionar a Bëschof verbruecht hat.

Back to Top
CIM LOGO