Véier intensiv Deeg laang hunn déi sechs Lëtzebuerger Participanten alles ginn, fir hiert Kënnen ënner Beweis ze stellen. Dobäi goung et ëm ganz ënnerschiddlech Beruffer – vum Restauratiounsservice iwwer d’Landschaftsgestaltung bis hin zum Entretien vu Fligeren.
De Concours war alles anescht wéi einfach. Déi jonk Participanten hu sech vun Ufank u mat e puer Erausfuerderungen konfrontéiert gesinn. Projeten, déi vun asiatesche Standarde beaflosst waren, mat deene si net vertraut waren, Materialien, mat deene si nach ni geschafft haten a strikt Zäitlimitte fir all Aufgab.
Nieft dem Drock an den onerwaarte Réckschléi hate si och d'Méiglechkeet, eng nei Stad ze entdecken, Leit aus der ganzer Welt ze treffen a virun allem ze gesinn, datt hir Beruffer op enger internationaler Bün geschat ginn.
Fir e puer vun de Participantë war d’Erfarung einfach eenzegaarteg. Ee vun hinnen huet déi véier Deeg als "onvergiesslech" beschriwwen, en aneren huet gesot, et hätt sech wéi en "Dram" ugefillt.
RTL war déi ganz Kompetitioun iwwer dobäi, fir ze weisen, wat et heescht, bei der weltgréisster Beruffs-Kompetitioun matzemaachen a wéi d’Erfarung fir déi Jonk wierklech ass.