Nei Zort "Cenoceras rumelangense"Weltwäit gréissten Nautilid-Fossil gouf zu Rëmeleng entdeckt

Sarah Cames
Am Naturmusée an der Stad lagert eng weltwäit bis ewell eenzegaarteg Decouverte.
Weltwäit gréissten Nautilid-Fossil gouf zu Rëmeleng entdeckt
Am Naturmusée an der Stad lagert eng weltwäit bis ewell eenzegaarteg Decouverte.

De Fossil vun engem “Nautilid”, also engem sougenannte “Kopffüssler”, deen an der Fréier Mëttlerer Jurassescher Period gelieft huet, ass ronn 168 Millioune Joer al a gouf an den 90er Joren zu Rëmeleng an engem aktive Steebroch un der franséisch-lëtzebuergescher Grenz fonnt. Am Besëtz vum Naturmusée ass en zanter dem leschte Joer.

D’Déier, dat mat Famill mat den haitegen Tëntefësch ass, huet am Mier gelieft a gouf zum Referenz-Objet (Holotype) vun enger nei entdeckter Zort. Dës nei Zort gouf dann och no der Decouverte an der Berenskaul-Waisskaul zu Rëmeleng benannt: “Cenoceras rumelangense”. D’Gesténgsschicht “Marnes sableuses d’Audun-le-Tiche”, an där de Fossil fonnt gouf, gehéiert interessanterweis zu deene jéngsten am Land.

Ma net nëmmen handelt et sech hei ëm eng nei beschriwwen Zort - mat 610 mm Duerchmiesser et ass de Fossil gläichzäiteg och dee weltwäit gréissten Nautilid, dee bis ewell an der Wëssenschaftsliteratur beschriwwe gouf. Nautilid-Fossille fënnt een dem Naturmusée no relativ seelen am Verglach zu anere Cephalopoden-Fossillen. Och datt Fossillen esou komplett fonnt ginn, ass éischter eng Raritéit, erkläert de Paleontolog Ben Thuy vum Naturmusée.

Privatleit, déi Fossillen oder aner interessant Objeten fannen, kënne sech beim Naturmusée mellen, fir eng Aschätzung zu hirer Decouverte ze kréien. Dofir kann een eng Foto vum Objet un d’Email-Adress vum Ben Thuy (ben.thuy@mnhn.lu) oder Roby Weis (rweis@mnhn.lu) schécken.

Op dëse Wee wiere schonn eng Rei interessant Géigestänn an d’Sammlung vum Musée komm, erkläert de Paleontolog Ben Thuy. D’Objeten ginn de Leit awer dofir net onbedéngt ofgeholl. A ville Fäll kënnen d’Leit se behalen. Se kënnen awer och als Leihgabe un de Musée goen, oder vum Musée ofkaaft ginn.

D’Publikatioun zum “Cenoceras rumelangense” am Swiss Journal of Palaeontology kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO